Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, insistéiert op d’Recht op Bildung.

D'Carte Blanche vum Anne Goeres

Bildung ass e Recht. E fundamentaalt Recht. A speziell an den aktuellen Zäiten ass et enorm wichteg, datt all Kand en Usproch op dat Recht huet. Mir Erwuessener sinn dofir zoustänneg, datt dat Recht op Bildung respektéiert gëtt. De Covid diktéiert nach ëmmer villes an eisem Alldag, awer dëse Virus huet eis och esou munches geléiert: - All Eltere vu scolariséierte Kanner zu Lëtzebuerg, wësse mëttlerweil wat et heescht, wann e Kand vun doheem an op Distanz léiere muss. Elteren hunn all erkannt, wéi schwéier et ass de ganze Schoulprogramm vun doheem duerchzeknaen an déi meescht waren erliichtert, datt hir Kanner zeréck an d’Schoul konnte goen – aus ville verschiddene Grënn.

- All Enseignant a Prof weess och mëttlerweil wat et heescht, wann ee muss e Cours op Distanz ginn. Wéi schwéier et ass, e richtege Feeling vu senge Schüler ze kréien, wéi et hinne geet a wou se mam léieren dru sinn.

Natierlech ginn et, wéi iwwerall, schwaarz Schof, déi absolut näischt ënnerholl hunn a sech net agesat hunn. Awer déi grouss Majoritéit huet sech ugepasst a probéiert dat Bescht draus ze maachen.

Wéi ass et awer mat de vulnerabele Kanner? Déi, déi aus gesondheetleche Grënn net zeréck an d’Schoul dierfen? Déi, déi ustiechend Krankheeten hunn, wéi zum Beispill eng asymptomatesch Form vum Covid? Elo ass de perfekte Moment fir eng national Léisung ze fannen, fir op Dauer et méiglech ze maachen, datt all isoléiert Kand Zougang zur Bildung huet. An dat egal a wéi engem Alter.

Bei schwéier kranke Kanner ass et esou, datt se op d’Léierpersonal aus dem Spidol kënnen zeréckgräifen, mä och déi hu just eng limitéiert Unzuel vu Stonne pro Kand zegutt – dat ass seele méi ewéi 4 Stonnen d’Woch... an dat och nëmmen, wann d’Kanner am Enseignement fondamental sinn, well esoubal se am Secondaire sinn, seet de Ministère, datt d’Schoul selwer zoustänneg ass fir d’Organisatioun vun der Heemschoulung. De Bildungsministère huet mëttlerweil och a sechs formidabele Roboter investéiert, déi awer hir technesch Limitten hunn an och an der Unzuel definitiv net duerginn, fir dem nationale Besoin gerecht ze ginn.

Also wéi gesäit et aus mat enger Aarbechtsgrupp, déi sech kéint mat dësem Thema beschäftegen, fir datt aus enger Kris och kënnen Opportunitéite gezu ginn, wéi een et op Dauer hikritt an esou staark entwéckelte Länner ewéi Lëtzebuerg, jidderengem d’Recht op Bildung méiglech ze maachen.

Last but not least, wëll ech och kuerz drun erënneren, datt et virun allem Bildung ass, déi eis erlaabt schlecht vu gutt z’ënnerscheeden, Wäerter z’entwéckelen, vun der Vergaangenheet ze léieren an d’Bausteng vu senger eegener Zukunft opzebauen.