Trotz oder och wéinst der Corona-Kriis explodéieren d'Präisser um Wunnengsmaart, dat soen déi neiste Statistiken e puer Deeg virun der Semaine du logement. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

D'Carte Blanche vum Richard Graf

Et ass leider onëmgänglech, datt ee sech ëmmer nees mat der Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart muss beschäftegen. Sou hat ech am Virfeld vu leschte Walen, also virun zimmlech genau 2 Joer, op de scheinbare Paradox vun engem dach räiche Land, mat engem fir vill Leit onbezuelbare Wunnraum higewisen.

Eigentlech ass et jo kee Paradox. Do wou vill Suen am Spill sinn, kléngt et jo logesch, datt déi begrenzte Flächen ëmmer méi deier ginn, wann ëmmer méi Leit ustinn, fir sech eng Plaz ze ergatteren. Dat sougenannte Gesetz vum fräie Maart huet an dësem Fall allerdéngs wéineg mat Gesetz a mat Fräiheet ze dinn.

Wa Besetz an Akommes vun Ufank un ongläich verdeelt sinn, dann ass en ganz anert Gesetz, dat zum Droe kënnt, nämlech dat vum „Recht des Stärkeren“. Wa Wunnen eng Wuer wier wéi eng aner, da géifen déi eng eben am Luxus liewen, an déi aner kéinten sech zumindest mat enger méi bescheidener Bud zefridde ginn.

De Problem ass allerdéngs, datt et eigentlech net d'Wunnenge sinn, déi esou deier sinn, mä d'Terrainen, op deenen se stinn.

An sou hunn déi mat wéineg Sue praktesch kaum eng Chance, un eng Plaz fir hir Häipchen ze kommen. Nach kann een e bëssche spueren, wann ee méi wäit ewech wunne geet oder direkt déisäits der Grenz, awer och do zéien d'Präisser un.

Nu si mer all mënschlech Wiesen, an eigentlech brauche mer Wunnraum just op d'Zäit. Natierlech weess kee genau, wéi laang e lieft, an oft si mer jo och net eleng. Wann awer all d'Bewunner vun enger Wunneng, déi a Privatbesëtz ass, net méi do sinn, steet dee Wunnraum net automatesch engem aneren zur Verfügung.

„Eigentum verpflichtet“ soen se an der Verfassung vun eisen däitschen Noperen. Dat kéint ee jo och esou liesen, datt iwwer länger Zäit ongenotzte Wunnraum oder onbebauten Terrainen eigentlech net dierfte sinn.

An dach ass genau dat, wat passéiert: Trotz engem enorme Bedarf gesi mer iwwerall eidel Wunnengen an plakeg Bauplazen. Wann d'Präisser, wéi an der Lescht, pro Joer gutt 13 Prozent zouhuelen, an dësen Zouwuess vu Joer zu Joer och nach ëmmer méi grouss gëtt, dann ass et oft méi rentabel ofzewaarden, wéi eppes ze verlounen oder ze verkafen, wat een de Moment selwer net brauch.

Elo gëtt zwar vill vun enger Tax geschwat, déi op esou ongenotzte Proprietéite soll erhuewen ginn. Op déi Tax dann och wierklech kënnt, a wéi héich se misst sinn, fir datt se och wierkt, steet allerdéngs an de Stären.

Genausou wéi eng Verfassungsreform, déi mam sakrosankte Prinzip vum Eegentum, dat iwwer allem steet, géing Schluss maachen. Eng Reform déi Wunnraumbesëtzer dozou verflicht, hir ongenotzte Wunnengen an Terrainen der Allgemengheet – zu Konditiounen, déi fir jiddereen akzeptabel si – zur Verfügung ze stellen.

De Moment bleift deenen, déi um Wupp vun der Entwécklung stinn an op bezuelbare Wunnraum waarden, just d'Méiglechkeet, fir fir hiert Recht ze demonstréieren.