Zanter knapp véier Wochen huet Uni.lu nees hir Aktivitéiten opgeholl. Fir Primaner vun der Generatioun Covid-19 ass dat dat éischt Semester, wou dës Studenten op der UNI ageschriwwe sinn. An dach ass dëst Joer ganz anescht, wéi virdrun an dëst besonnesch fir déi sougenannten “Freshers”, Studenten aus dem éischten Semester. Den Marc Hostert mat en puer Iwwerleeungen heizou.

Eng Carte Blanche vum Marc Hostert

Et ass eng besonnesch Zäit fir Studenten, fir d’Elteren, Professeren an eis all. D'Covid-Pandemie huet eis Gesellschaft nach ëmmer am Grëff. D'Primaner vum leschte Joer hunn hir Erfarunge mat der Digitaliséierung vum Unterrecht gemaach. De Logiciel mam Numm Teams war d'Schlësselwuert vun de leschte Méint am leschte Schouljoer a ville Familljen. Dësen digitalen Homeschooling huet d'Presenz-Leieren ersat. Dëst war gutt a richteg, mä et huet déi sozial Kontakter, déi eis Jugendlecher fir hir Entwécklung brauchen, massiivst ageschränkt.

Elo, wou mer vill méi iwwer Corona wëssen a Schoulen a Lycéeën de reguläre Betrib nees opgeholl hunn, ass et awer méi ewéi verwonnerlech, dass op der Uni.lu déi meescht Couren dëst Semester och nëmmen als Onlinecours ugebuede ginn. D'Jugend, déi déi drastesch Aschränkungen a Kaf hëlt a respektéiert, fir déi fragil Leit, déi eeler Leit an eiser Gesellschaft, ze schützen, huet méi ewéi bewisen, wéi seriö se hire Beitrag zur Covid-Andämmung hëlt.

Hiert Unisliewe soll net nëmmen aus Wëssensvermëttlung, mä och aus dem perséinleche Kontakt, dem Austausch mat de Kolleegen a mat de Professere bestoen. D'Studenten aus dem éischte Semester hu ganz oft bis elo nach keen Enseignant reell gesinn.

Dobäi kënnt, dass Recherche an den Apprentissage vum Austausch lieft an net nëmme vun der online Virliesung. De Bléck iwwert den Tellerrand gëtt och verluer, well kee Kontakt méi tëschent Studenten aus verschiddene Fächer besteet.

Dofir, a well mer haut vill méi iwwert de Corana-Virus wëssen, wéi dat lescht Schouljoer, misst et dach méiglech sinn, ganz oder op d'mannst en Alternance, oder a klenge Gruppen, besonnesch de Studenten aus dem éischte Joer Presenz-Couren unzebidden. Wann net genuch Säll do wären, fir dëst z'erméiglechen, kéint ee Jo déi Couren an eidel Sportshalen, Kierchen a Sëtzungssäll verleeën oder méi laang iwwert den Dag verleeën, fir dëst am vollen Aklang mat dem Corona-Dispositiv kënnen ze organiséieren.

D'Studente brauchen e reellen Austausch mat hirem Ëmfeld, - se studéieren net Diplom “Teleworker"-!