Wat soll wien, wéini undoen? Doriwwer gouf an der Lescht zimmlech vill geschwat. D'Thema Kleeder a Moud ass a villen Hisiichte spannend an et lount sech driwwer nozedenken, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Eng Carte Blanche vum Michèle Schilt

Fänke mer u mat Männer a Fraen. Wann een an e Kannerkleederbuttek geet, da fält et engem op: Hei sinn d'Saache fir d'Jongen, do sinn d'Saache fir d'Meedercher. Déi eng hunn de Spiderman, déi aner eng Prinzessin um Pullover.

Firwat ass dat esou? D'Moud spigelt Virstellungen erëm. Hei geet et drëms, wat fir eng Virstellung hu mer vun "Jong sinn" oder vun "Meedche sinn"? Hei deen, dee mécht, den aktiven, dee méi rauen, do dat méi verspillten, verdreemten, romantescht... Respektiv: Wat fir eng Virstellung mengt d'Moudenindustrie bedéngen ze missen, wa se déi Kleedung produzéiert? D'Zil vum Produzent ass et jo seng Wuer ze verkafen. Hie reagéiert also engersäits op e bestëmmte Bild an anerersäits präägt een dat Bild och: Wann ee keen anere Choix huet, da keeft een alt de Superman-Pullover. A wa jiddereen dat mécht, da gëtt dat zur Norm, et ass "normal".

Firwat Männer keng Räck undinn

Stéchwuert Choix: Jiddereen ass fräi, unzedoen, wat ee wëll. Kee Gesetz verbitt zum Beispill engem Mann, an enger Jupe ronderëm ze lafen, an awer mécht kaum een et. Warscheinlech, well et komesch wär. Mee firwat wär et komesch? Fraen an enger Box si jo och net komesch. Fraen hu sech am Laf vun de leschten 100 Joer d'Recht erkämpft, wielen ze dierfen, ze studéieren, ze schaffen an eben och Boxen unzedoen. A wat ass mat de Männer? Firwat dinn déi keng sougenannte "Fraekleeder" un? Vläicht, well ee mat Fraekleedung, also och mat Frasinn näischt Erstriewenswäertes verbënnt. Weiblech Kleedung huet fir Männer kee soziaalt Kapital. Eng Fra, déi Boxekostümer undeet ass tough, e Mann am Rack wär wat? Lächerlech? Oder schwaach? Do kënnt ee séier bei d'Grenze vun der Fräiheet. Gesellschaftlech Konventioune leeë Geschlechterrollen fest, aus deenen ee schwéier rauskënnt. D'Reflexioun iwwer Moud gëtt sou zu enger Reflexioun iwwert Normen a Gesetzer an och iwwert Traditiounen a gesellschaftlechen Drock.

Moud spigelt eist Weltbild

Nieft dem Aspekt Geschlechterrollen gëtt et och dee vun der Weltuschauung. Jee nodeems, wat ech undinn, weisen ech, wat meng Iwwerzeegunge sinn: Ech sinn Hipster, Eko, Punk, HipHoper.... Eng Birkenstocksandal ass eben net nëmme bequem, wäiss oder rout Stréckelen halen net nëmmen d'Schong zesummen. Mat deem, wat ech undinn, drécken ech aus, wat ech denken a firwat ech stinn.

Dozou passt d'Fro: Kafen ech de bëllegen T-Shirt, deen eventuell vu Leit aus Länner ënner prekären Aarbechtsbedingunge gebitzt gouf, aus Kotteng, deen d'Waasserreserve vum Produktiounsland dréche leet, oder dee méi deieren, wou d'Hierstellung fairtrade a biologesch zertifiéiert ass? Oder kann ech mer dat ganz einfach net leeschten? Domat gëtt Kleeder kafen e politeschen Akt. D'Nofro bestëmmt d'Produktioun, sou datt finalement de Consommateur et an der Hand huet ze bestëmmen, wat a wéi hiergestallt gëtt.

Kleider machen Leute – de Spiderman-Pullover, de Bouf, d'Liederjackette de Rocker an de col blanc de Banquier. Mee et gëllt och: Leute machen Kleider. Mir decidéiere schlussendlech wéi an och wat produzéiert gëtt. An dowéinst lount et sech driwwer nozedenken. A wie weess: Vläicht gesäit een dann an e puer Joer och Männer, déi selbstbewosst Juppen undinn.