Evaluéier - Däi - Liewen - Aktiounsdag

D’Noémie Leer, d'Vize-Presidentin vun AHA Lëtzebuerg, invitéiert dozou, den Evaluéier-Däi-Liewen-Dag ze feieren.
Um 19. Oktober gëtt weltwäit den "Evaluéier Däi Liewen – Dag" gefeiert. Nach ni dovun héieren? Ma ech bis dato och net. Dobäi existéiert e schonn zanter 1988. E gouf vun der amerikanescher Koppel Tom a Ruth Roy an d’Liewe geruff, déi an den USA zu de Korypheeë gehéieren, wat kuriéis Feier- an Aktiounsdeeg betrëfft. Eng konkret Begrënnung fir d’Wiel vum Datum gëtt et net. Am Fong kéint een en och op all anerem Dag am Joer feieren.
Wéi de Numm et seet, geet et drëms, de Moment ze notzen, fir emol kuerz a sech ze goen an de Punkt ze maachen, andeems een iwwert säi Liewen nodenkt. Mir hunn d’Tendenz eis vill ze oft opzereegen, iwwert dat, wat anerer net gutt gemaach hunn, iwwert dat, wat net geklappt huet oder iwwert alles, wat gehierlos nervt, wéi dee COVID, den Trump, dem Noper seng Hënn, déi dauernd billen, oder dat Rëndvéi, wat mer grad d’Virfaart geklaut huet. Ännere kënne mer oft net vill. Well en fin de compte hu mer op Villes keen Afloss a kënnen "déi aner" net änneren - eis selwer an eis Vue op d’Liewe schonn.
Dofir invitéieren ech Iech, fir eemol kuerz all Bewäertung vun anere Mënschen, Saachen oder Situatioune sinn ze loossen an Iech – éierlech an ouni d’Saache wëlle schéin ze schwätzen - folgend Froen ze stellen:
Wou am Liewe stinn ech grad? Sinn ech wierklech frou am Liewen oder hunn ech mech just mat de Saachen offonnt? A wat kann ech fir mech an d’Zukunft anescht oder besser maachen?
Et ass effektiv net ëmmer sou einfach mat volle Calepinen, tëscht deem, wat ee wëllt an deem, wat ee muss, e rouege Moment ze fannen. Dofir wëll ech Iech lo gär eng Otempaus vun enger Minutt schenken, fir genau deene Froen nozegoen.
1 Minutt Otempaus mat der Musek: “Dreaming Of Freedom” © Jeremy Froböse | TerraSound.de
Nach e schéinen “Evaluéier-Däi-Liewen-Dag” gewënscht.