Viru gutt zwou Wochen huet d’Europaparlament sech mat de verschäerfte Klimaziler fir d’EU befaasst. Dobäi gouf vill mat Prozentzuele jongléiert, leider ze vill iwwerflächlech sou de René Winkin a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum René Winkin

Wéi di nei EU-Kommissioun, mat virop der Presidentin Von der Leyen, lescht Joer ugetrueden ass, dunn huet eng vun hiren éischten Handlungen dodra bestanen, fir nei, méi ambitiéis, Klimaziler an der EU unzestriewen.

Amplaz -40% Reduktioun, verglach mat 1990 gi -55% proposéiert, wat dem ieweschten Zenario vun der speziell dofir ugefuerderter Machbarkeet- an Impaktstudie entsprécht. Dëst entsprécht och dem Reduktiounszil mat deem di gréng Partei letzt Joer an d’EU-Walcampagne gaangen ass an et ënnersträicht déi international Virreiderroll vun der EU am Kader vum Paräisser Klimaaccord.

Den zoustännege Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet trotz COVID-Kris an deenen doduerch feelende finanzielle Mëttelen, u sengem green deal festgehalen. Am schwieregen Dialog mat de 27 nationale Regierungen, déi dat méi ambitiéist Ziel och musse matdroen, bleiwen den Hollänner an seng däitsch Presidentin kloer op hirer Linn.

Déi couragéiert Kommissären hu sech awer wéi Schoulkanner musse virkommen, wéi si virun 2 Wochen an d’EU-Parlament gaange sinn an do Ënnerstëtzung fir hir Politik gefrot hunn. Do sinn Machbarkeetskritären, technesch Argumenter an di eege Walprogrammer vun enger ganzer Rei Deputéierten einfach ausgeblent ginn.

Nom Motto “Wee bitt méi?” goufe bis zu -70% gefuerdert. Firwat eigentlech net direkt -100%? Eng knapp Majoritéit zu Bréissel huet du fir -60% gestëmmt. Lo kënnt ee jo nach soen, dass dat Leit sinn, déi et besser wëssen an déi kloer Virstellungen hunn, wéi een esou een héichgegraffend Zil, ouni gréisser wirtschaftlech a sozial Kollateralschied realiséiert. Nix da. Si hu vun der Kommissioun gefuerdert déi soll gefällegst selwer rausfannen wéi dat geet an iwwregens, soll de geschätzte Wieler, wannechgelift, net ze vill dovunner ze spiere kréien. Sech beim Wieler de schéine Männchen stellen a sech iwwerflächlech mat Zuelen a Schlagwierder probéieren z’iwwerbidden, ass dat net politesche green washing?. An dësem Fall hunn d’EU-Parlamentarier vun onse Majoritéitsparteie alleguer méi oder manner kräfteg matgemëscht.

Hir Positioun zu Bréissel heescht näischt anescht, wéi dass si net mi zefridde si mat deem rezent staark verschäerfte Klimazil, wat hir eege Parteikolleegen hei zu Lëtzebuerg an am EU-Conseil droen. Iwwregens och hei en ligne mam grénge Walprogramm. D’Aarbechte ronderëm den nationalen Energie- a Klimaplang hu gewisen:. Wann ee Responsabilitéit dréit an och fir d’Erreeche vu sengen Ziler muss riichtstoen, dann duerf ee roueg ambitiéis si, ma et muss een awer och nach ob d’Machbarkeet uechten.

Jo, d’Klimakris fuerdert ee séiert an determinéiert Handelen.

Ma wann d’Entwécklung vun erneierbaren Energien oder d’Transformatioun an der Industrie an de Gebaier oder bei der Mobilitéit net mi kënne Schrëtt hale mat den Ziler, dat heescht wa gemurkst gëtt a wa mer doduerch vill ze héich Käschte provozéiere par Rapport zum Ausland, wou et nach guer keng seriö Klimapolitik gëtt, jo da kënnt bemol eng aner Zort Iwwerhëtzung an d’Spill, eng wou mir d’Leit an hir Ënnerstëtzung verléieren a wou dee ganzen Effort riskéiert net mi eescht geholl ze ginn.