Responsabilitéit a Solidaritéit versus Egoismus an Eegennotz ass ugesot an der Bekämpfung vun der Corona-Pandemie. Ass et net e bësschen änlech am Stroosseverkéier? Déi Fro stellt de Paul Hammelmann an senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

D'Madamm Lenert gebraucht dacks an hiren Aussoen zur Corona-Problematik de Verglach mam Stroosseverkéier. Wann een dat weiderdenkt gesäit een effektiv 3 Gemeinsamkeete bei deenen 2 Dossieren. Dossiere, déi allen 2 en Tribut u Mënscheliewen an un eis Gesondheet fuerderen.

Déi 1. Gemeinsamkeet läit op der Hand: Et geet drëms, Distanzen anzehalen tëscht Mënschen, déi op Tuchfühlung sinn, a Mënschen, déi sech an der Karkass vun engem Auto verstoppen, fir hir Dominanz auszedrécken.
An deenen 2 Fäll ass Distanz ugesot, fir sech selwer ze schützen, an och wann dat verschiddene Leit net an de Kapp geet, hir Matmënschen ze schützen.

Déi 2. Feststellung ass dann och leider déi, datt déi virgeschriwwe preventiv Moossnamen, fir déi Ploen an de Grëff ze kréien, nëmme fonctionéieren, wa se mat Kontrollen a Sanktioune verbonne sinn. Dat ass en traurege Constat, mee leider geet den Appell un de sougenannten „gesonden" Mënscheverstand net ëmmer duer.

Eng 3. Feststellung ass, datt eis neoliberal Gesellschafte mat Ausname vu rietsextreme Regimmen à la Trump, Bolsonaro a Konsorten et fäerdeg bruecht hunn, de Schutz vu Mënscheliewe viru Rentabilitéitscritèren a kuerzfristeg ekonomesch Interessen ze stellen.

E kompletten „Lockdown" war an ass nach an verschiddene Länner vu responsabelen Politiker decidéiert ginn, an déi Verantwortlech hunn et duerchaus fäerdeg bruecht, Protektioun vu Mënscheliewe mat de „sacrosainten" individuelle Fräiheeten an Aklang ze bréngen.

Déi individuell Fräiheet hält nämlech do op, wou een de Matmënsche ka Schued maachen. Esou eng Aschränkung vu Fräiheete soll a muss erlaabt sinn, wann et drëms geet, eng weltwäit, ustiechend an déidlech Krankheet ze bekämpfen.
Et misst deemno och fonctionéieren am Kampf géint den Doud op der Strooss, dee jo vill manner déi biologesch Reiefolleg respektéiert.

An deenen 2 Hypotheese misst deementspriechend den Egoismus an heiansdo Dommheet duerch Responsabilitéit a Solidaritéit ersat ginn.

T'ass de Fortschrëtt an de Verstand, déi eis sollen doduerch bréngen, sot d'Madamm Lenert leschte Mëttwoch.
Leider hapert et ganz dacks bei dem zweete Begrëff.