Wat war dat éischt Zeeche vun enger Zivilisatioun? Et kéint een elo un Tounendëppen oder Schläifsteen denken. Mä nee. Dat éischt Zeeche vun enger Zivilisatioun war eng gebrache Schank, déi nees zesummegewuess war. Dëst war Beweis dofir, dass sech een d‘Zäit geholl huet, fir de Betraffenen a Sécherheet ze bréngen a sech ëm e gekëmmert huet, bis en nees gesond war. Fir de Betraffenen hätt dëst aneschters den Doud bedeit. D‘Ufäng vun der Fleeg waren also d‘Ufäng vun der Zivilisatioun.

Carte blanche vum Anne-Marie Hanff

Wann haut en 43 Joer ale Mann mat engem liewensgeféierlechen Häerzinfarkt an d'Spidol ageliwwert gëtt, wa mir richteg gutt sinn, eis auskennen a genuch Kapazitéiten hunn, da kënne mir sou vill leeschten. Mir intubéieren, reaniméieren, lysen, beootmen an am beschte Fall rette mir d'Liewen. Well mir wëssen, wat ze maachen ass: Sauerstoff ginn, de Kreeslaf stabiliséieren, et knéit een am Bett, mécht eng Häerzdrockmassage. Dobäi drëpsen engem och emol Kierperflëssegkeeten op d'Schong. Et ass een involvéiert mat Häerz a Verstand. An da geet een owes heem an dee Mann, ëm deen ee sech stonnelaang gekëmmert huet, ass vläicht nach um Liewen. Well een alles richteg gemaach huet, well een d'Erfarung an d'Fachwëssen huet.

Eng gutt Fleeg rett Liewen. Et kann awer och genau ëmgekéiert goen. Wann dësen essentielle Beruff zanter Joren Alarm schléit wéinst den ofhuelenden Aarbechtskonditiounen oder den déiwe Formatiounszuelen, misst déi logesch Reaktioun dach sinn, d'Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, selwer méi Personal ze forméieren. Wat geschitt amplaz? Mir këmmeren eis en Dreck ëm d'Infirmièresformatioun a rekrutéieren Infirmièren aus Länner, wou selwer eng Penurie ass.

Vill Responsabilitéit droen an awer näischt dierfen. Op eegen Initiativ eng Dafalgan ginn. Dierf d'Infirmière net.

Vill Responsabilitéit droen, mä déi noutwendeg Ressourcen net hunn. Firwat ginn nuets oder weekends wuel méi Bewunner vun Alters- an Fleegeheemer an d'Spidol ageliwwert? Well d'Institutiounen da besonnesch schlecht besat sinn. Wéi soll 1 Infirmière an der Nuecht 100 Bewunner betreien, wann et engem dovunner net gutt geet?

Vill kënnen a wësse mussen, awer keng Formatioun op engem adequaten Niveau ugebuede kréien.

Dobäi ass ee maximal gefuerdert: intellektuell, kierperlech, tëschemënschlech. Mir halen net nëmmen d'Hand. Frëndlechkeet an Empathie si wichteg, awer ee geschoulten diagnostesche Bléck, präziist Schaffen, kritescht Hannerfroe mindestens genau sou. Dofir muss ee gutt forméiert sinn, Verännerungen erkennen a reagéiere kënnen, Handgrëffer beherrschen, Medikamenter richteg doséieren a verofreechen.

An dach gëtt qualifizéiert Fleegepersonal duerch „Assistants en soins sans qualification" ersat. Käschte spueren duerch Deprofessionaliséierung. „Fleegen ka Jiddereen". Wann d'Infirmièrë vu feelender Wäertschätzung schwätzen, geet et genau dorëms!

Wa mir iwwer eis Zivilisatioun nodenken, kënne mir net nëmmen iwwert dat, wat mir alles kënnen a wëssen, schwätzen, mä mir mussen den Ëmgang mat fleegebedierftege Leit an dem Fleegepersonal thematiséieren.

Mir sinn do, a Krisen, Kricher, Pandemien, all Dag, 24 Stonne laang. Hëlleft eis, dat och weider ze sinn a stellt Iech hannert eis.