A senger Carte blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, mat den US-Walen. Den Horrorzeenario ass Realitéit ginn, d’Vereenegt Staate si gespléckt wéi nach ni. Gewënner ass de politesche Populismus.

Carte Blanche vum Marc Glesener

Vereenegt sinn d'Staate vun Amerika politesch gesinn net méi.

Dëst hunn d’Presidentschaftswalen däitlech gemaach. Den Horrorzeenario ass Realitéit ginn.

Et läit en déiwe Gruef tëscht de Milliounen Trump-Fans an deenen, déi op eppes anescht gehofft hunn. Et ginn am Fong zwou USAen, déi Réck géingt Réck stinn, aner Visioune fir hiert Land hunn a sech net verstinn.

Gewënner vun der Wal – an dat virum Endresultat - ass och d’Aart a Weis mat populisteschen Aussoen an Akten, Zeechen ze setzen an op Zoustëmmung vu Rassisten, Verschwierungstheoretiker an d’Stëmme vu Leit, déi einfach ze manipuléiere sinn, ze setzen.

D’Grondlag, op där Trumpen an den USA an op anere Plazen opbauen, ass laang virdru geschaaft ginn. Doduerch datt ganz Politikfelder broochleien a wichteg Problemer net mat dem néidegen Engagement ugaange gi sinn.

Dobäi kennt eng permanent Tendenz, politesch Messagen ze vereinfachen, ze verkierzen a mediewierksam opzemaachen. Net de Fong, mee d’Form ass dat, wourop sech konzentréiert gëtt.

Ganz Ekippe vu Commsleit sinn domat beschäftegt, Saachen anzepaken. Wat am Pak dran ass, onwichteg...

Dat schléit zréck – well wann et nëmmen op haart jäizen an kanteg Spréch ukënnt, gewannen déi, déi prett sinn, iwwer ethesch Grenzen eraus mam Feier ze spillen. Ee wéi den Trump eben.

Europäesch Politiker distanzéiere sech gäre vun deem, wat an den USA esou geschitt. Wéi wa mir méi héich Standarden hätten.

Wouhier! D’Manéier sech an der Politik - am ëffentleche Liewen - wéi verwinnte Kanner opzeféieren, déi keng Grenze kennen, wann et dem eegenen Ego nogeet, ass am gaangen, sech och bei eis duerchzesetzen.

Wann een zum Beispill e Communiqué liest, wou vun engem geplangte Bettel-„Coup d’État“ rieds geet, si mer definitiv an neie Sphären ukomm.

Esou Saachen erënnere mech un Optrëtter vum Trump sengem Jong, deen op Meetinge virun e puer Deeg locker an einfach esou sot, de Biden géif vun de Chinese bezuelt ginn. D’Leit hunn applaudéiert an dee Kabes gegleeft.

Quasi ouni et ze mierken, ass mat Trump a Konsorten eppes futti gemaach ginn, wat laang Zäit e Fundament vum Zesummeliewen a vun der Politik war. Déi rout Linne vun Anstand, Mateneen a Civissem sinn duerchbrach ginn. Leider, der ëffentlecher Saach ass domat net gedéngt. Net an den USA, net an Europa, net am Rescht vun der Welt. An och net heiheem.