Déi aktuell Pandemie léiert eis, datt mir d’Erkenntnisser aus der Wëssenschaft mussen eescht huelen, och wa si eis net an de Krom passen. Mat der allgemenger Spaassgesellschaft wäert et definitiv eriwwer sinn.

Carte Blanche vum Francis Schartz

"Alaaf" ruffe se zu Köln a fänken déi spaasseg 5. Joreszäit un. De Moment ass et awer bei eis an Europa an och soss an der Welt net fir ze spaassen. Ofgesi vum Terrorismus, den Naturkatastrophen an den Hongersnéit, kréie mer déi aktuell Pandemie nach net an de Grëff. Si féiert eis virun Aen, datt d’Ofleef an der Natur net onbedéngt esou sinn, wéi mir se gär hätten.

De Mechanismus, nodeem deen neie Covidvirus funktionéiert, ass duerch seng Natur definéiert, egal wat mir dozou philosophéieren an diskutéieren. Awer duerch eist Verhale kënne mir de Virus bremsen. Wa mir him et onméiglech maachen a Longenzellen eranzekommen, kann hie sech net reproduzéieren. Duerch d’Impfung verschwënnt de Virus eréischt, wann et gutt geet, no ville Joren, oder vläicht ni. Et ass falsch ze mengen, datt wa bis eng Impfung do wier, mir eis rëm alles kéinten erlabe wéi virdrun. Well déi meescht vun eis den direkten Zesummenhank tëschent eisem Verhalen an der Entwécklung vun dëser Pandemie gesinn, gleewe mir de Wëssenschaftler a si bereet, déi Moossnamen, déi doropshin d’Politik decidéiert, ze befollegen, och wa si eis heiansdo onlogesch oder iwwerdriwwe virkommen.

Déi aktuell Pandemie ass awer just ee Beispill, datt mir eist Verhalen no den Erkenntnisser vun der Wëssenschaft riichte mussen. Och ënner anerem beim Klimawandel, der Pollutioun vun eiser Ëmwelt oder dem Verloscht vun der Biodiversitéit, spillen onweigerlech d’Naturgesetzer, och wa mir den Zesummenhank tëschent eisem Handelen an dem Effet op den Zoustand vun eisem Planéit net sou direkt gesinn, oder verdrängen.

Mir brauche Leaderen an der Politik, an der Wirtschaft an an der Zivilgesellschaft, déi, genau wéi bei der Pandemie, d’Erkenntnisser vun der Wëssenschaft eescht huelen an déi néideg Decisiounen huelen, fir ee neien Equiliber tëscht den ökologeschen, ökonomeschen a sozialen Aspekter hierzestellen. Nëmmen esou kann eng allgemeng Katastroph verhënnert an d’Wuelbefanne vun alle Mënschen elo an och an der Zukunft erméiglecht ginn. Zum Wuelbefanne gehéiert natierlech: sech freeën un de Schéinheeten aus Natur a Kultur, oder déi sozial Kontakter fleegen, wou och Amusement a Spaass hir Plaz hunn. Awer mat der allgemenger Spaassgesellschaft, an där mir eis alles kënnen erlaben, schéngt et mer definitiv eriwwer ze sinn.