Dat freet sech de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels haut a senger Carte Blanche mat Bléck op d'Reform um Haff.

D’ Maison du Grand-Duc sicht 15 Mataarbechter. Alles nei Staatsbeamten. 2 Direkteren a vill héich Responsabelen. Awer nëmmen ee Valet. „So many Chiefs, no Indians“ kënnt ee soen.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

Dat ass d’Konsequenz vum Rapport Waringo iwwert de Fonctionnement vum Haff. Deem virgeworf gouf, en hätt en ze grousse Personal-Verbrauch a géif ze vill kaschten.

De Premierminister huet d’Reform zur „Chef-Saach“ gemaach. De Xavier Bettel huet fir d’éischt e puer vu sengen DP-Frënn op Schlësselposte gesat. Elo kënnt eng ganz Administratioun dobäi. Wat den Exercice net méi bëlleg mécht.
 
D’Chambre des Députés gouf net befaasst. En Règlement grand-ducal setzt alles ëm.

Dat ass bedauerlech. Well eng politesch Diskussioun iwwert ons Staatsform, iwwert d’Roll vum Grand-Duc an iwwert de Stellewäert vun der Grande-Duchesse wär gutt a nëtzlech.

Perséinlech mengen ech, dass Lëtzebuerg besser bedéngt ass mat engem Grand-Duc als Staatschef, ewéi mat engem President.

Hätte mir ee President, sou géife mir deem net Muecht vum amerikaneschen oder vum franséische President ginn. Hien hätt eng reng representativ Funktioun. Géif all 5 oder spéitstens all 10 Joer wiesselen.

D’Presidente kaschte och. Souguer Ex-Presidente kann een net erhéngere loossen.

A well e Lëtzebuerger President keng politesch Muecht hätt, hätte sech ni e Pierre Werner, e Gaston Thorn oder e Jean-Claude Juncker fir dat Mandat hierginn. Mir hätten ëmmer eeler Dammen oder Hären mat groen Hoer a gudde Manéieren.
Ech hat d’Chance wärend mengen 15 Regierungs-Joren oft mam deemolege Krounprënz Henri op Missiounen ze sinn. Hien huet onst Land gutt representéiert. Als „Royal“, grad a Länner ewéi den USA, Japan, China oder Korea, huet hien ons méi Dieren opgemaach, ewéi en ziville President dat kéint.

Weder de Grand-Duc nach seng Fra hunn den aarmséilegem Beschass verdéngt, deem si ausgesat sinn.

Sécher d’Fra vum Grand-Duc kënnt an onser Konstitutioun net vir. Spillt awer eng representativ Roll. Zum Beispill wa se sech asetzt fir d’Fraerechter an der drëtter Welt. Doriwwer däerf een houfreg sinn.

Wou waren ons Feministinnen, ewéi d’Maria Theresa accuséiert gouf, si hätt ze vill Temperament? Däerf d’Fra vun engem Staatschef just eng Mauerblimmchen sinn ?

D’Reform vun der Maison du Grand-Duc hätt e politeschen Debat verdéngt. Eng parlamentaresch Monarchie ass keng Selbstverständlechkeet. D’Parteie sollen a musse sech positionéieren.