Dir gitt de ganzen Dag an alle Medie mat Informatiounen a Rotschléi iwwer de Coronavirus zougequatscht, sou dass der iech elo scho vläicht ausgeschalt hutt, well der enttäuscht sidd, dass mir fir dës Carte blanche keen anert Thema agefall ass.

Et ass mer schonn een agefall, iwwer deen ech gäre meng Meenung gesot hätt, an zwar dass et bei eis am Land net nëmme keng Ierfschaftssteier an direkter Linn dierf ginn, mä iwwerhaapt keng Ierfschaftssteier an der Famill.

Net nëmme Kanner an Enkelkanner solle keng Ierfschaftssteier bezuelen, mä och Familljememberen an net-direkter Linn solle keng Ierfschaftssteier bezuelen. Déi gespuerte Suen, op déi  jo schonn an der Reegel iwwer 40% Steieren ugefall sinn, sollen net zu engem groussen Deel un de Staat falen, mä an der Famill bleiwen, wou se grad elo an där schlëmmer Kris gutt gebraucht kënne ginn, fir Familljemembere weider ze hëllefen.

Ech soen dat nach eng Kéier kloer an däitlech, an esou laang bis och déi gréisst Partei hei am Land grad esou kloer an däitlech beschloss huet, dass keen an hirem Numm, och wann en an enger Führungspositioun ass, ëffentlech fir eng Ierfschaftssteier an der Famill,  antrieden däerf.

An elo zu CORONA. Ech weess, dass vill Leit un där ganzer Situatioun verzweiwelen, besonnesch well der ëmmer méi, och bei eis, u Corona stierwen.

Och ech gouf positiv getest, war entsat, well ech mech ëmmer un all d’Reegele gehalen hunn, souguer wéi et se bis net méi gouf. Nom positiven Test hunn ech selbstverständlech och d’Ordonnance d’isolement vun der Santé strengstens befollegt, och well ech keen ustieche wollt. An dat funktionéiert, well elo krut ech, no 10 Deeg Isolement doheem, gesot, ech kéint kee méi ustiechen, soll awer net direkt nees getest ginn, well dat kéint nach positiv ausfalen, obschonn et sécher ass, dass ech kee méi ustieche kann.

Ech wollt iech dat matdeelen, fir dass der verstitt, dass een de Corona iwwerliewe kann, souguer a mengem héijen Alter vu bal 92 Joer, awer nëmmen, wa jidderee sech un déi streng Reegelen, also Mask an Ofstand, hält.