Am Kontext vum Unesco Dag vun der Philosophie stellt sech d’Fro ob Denken an dëse Krisenzäiten och en Deel vun der Léisung ass? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Wéi all 3. Donneschdeg am November feiert d’Unesco och en Donneschdeg de Weltdag vun der Philosophie. Thema vun der 18. Editioun: Observanz oder Beuechtung. Konkret ass et d’Opfuerderung, d’Bedeitung vun der aktueller Pandemie ze beuechten oder soll ee soen ze  bedenken - dat virun allem, awer net nëmmen, aus philosophescher Siicht.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Zënter dem Mäerz stellt dës global Gesondheetskris eng ganz Partie Aspekter vun eiser Gesellschaft fundamental a Fro. D’Welt, hir politesch Leader an déi respektiv Ökonomien hunn am Covid-19 ganz séier e kollektiivt Feindbild gesinn, deem souzesoen global de Krich erkläert gouf – by the way du jamais vu!

D’Aufgab vun der Philosophie, wéi och  aneren Kulturinstanzen – an -techniken, ass et weiderhin an ëmmer erëm, déi Reflektioun ze stimuléieren, déi eis Méiglechkeete weist, fir net nëmme logistesch an technesch duerch dës Krisen ze kommen, mä och mënschlech. Fir dat mer eis och duerno nach géigesäiteg an d’Aen kënnen kucken.

Konkret hëlleft d’Philosophie déi néideg kritesch Distanz ze schafen, fir kënne mat Recul a Wäitbléck déi Problemer unzepaken, déi d’Welt schonns méi laang kennt an duerch déi aktuell Kris nach emol an hirer Urgence katalyséiert goufen.

De Schoulbicher no ass d’Philosophie déi Disziplin, déi mam Staune vum Mënsch ugefaangen huet. Fir déi meescht ass dat Staunen awer Geschicht a resuméiert sech ob d'Tatsaach, datt de Mënsch virun eiser Zäitrechnung sech déi Welt ronderëm sech net erklären konnt: vum einfachen Donnerwieder bis bei den Stärenhimmel. Datt ee selwer am 21. Joerhonnert nach emol sou un d'Staune géif kommen, domadder haten déi mannst wuel gerechent. D’Resultat ass awer dat selwecht – haut wéi fréier! Onsécherheet an Angscht kommen ob a kuerz duerno déi Versich, dat ze léisen: wat fréier de Polytheismus a Weltrelioune leeschte wollten, iwwerhuelen haut d’Fake News an déi sëlleg Verschwierungstheorien an - zenarien.

D’Philosophie begéint dem Staune fréier wéi haut mat Logik, Vernonft a Verstand an net ze vergiessen enger gesonder Portioun Humor.

Do stellt sech d’Fro wien da soll nodenken? Experten - jo - awer och jiddereen. Et gouf nach ni sou vill Wëssen iwwert d’Net-Wëssen – sou de Jürgen Habermas iwwert Covid-19-Kris.

Sou gesinn ass de Weltdag vun der Philosophie och eng Invitatioun, jo Opfuerderung, fir selwer emol erëm ze denken. Fir am kantesche Sënn sech sengem eegene Verstand ze bedéngen an net alles hinzehuelen an ze gleewen wat anerer fir ee wëlle geduecht hunn a virun allem richteg geduecht hunn.

Niewebäi gesot wier et dann och gutt, wann de jonke Mënsch drop virbereet wier, fir nozedenken, also déi néideg Tools hätt, fir ze philosophéieren. Do stellt sech d’Fro firwat grad Lëtzebuerg sech de Luxus erlaabt dësen Exercice ze ënnerbriechen oder guer net stattfannen ze loossen. Oder firwat kënnt heiheem an der nationaler Bildungslandschaft net all Schüler an de Genoss vun enger philosophescher Bildung?

De Sokrates huet net fir näischt behaapt, "dat net hannerfrote Liewen ass net liewenswäert“ a seng Matbierger ëmmer erëm opgeruff, sech net Blenden ze loossen an d'Fro vum richtege Liewen ëmmer virun Aen ze halen, dat schonns virun 2500 Joer!

Eng Fro, déi sech d’Welt am groussen a Lëtzebuerg am klengen, nodeems mer dës Pandemie dann iwwerwonnen hunn, hoffentlech erëm traut, ze stellen: wéi soll e gutt a richtegt Liewen heiheem, wéi och dobaussen, dann ausgesinn?

Klickt hei, fir op de Programm vum Weltdag vun der Philosophie ze kommen.