Aarmut an Inegalitéite klamme weider zu Lëtzebuerg an d’Aussiichte fir no der Kris sinn éischter nach méi däischter. Dofir mussen nieft de wirtschaftleche Moossnamen och därer kommen, déi d’Kafkraaft vun de Leit ofsécheren, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé

Sou wéi all Joer ëm de 17. Oktober, dem Internationalen Dag fir d'Beseitegung vun der Aarmut, huet de Statec säi Rapport Travail et Cohésion sociale publizéiert. Do liese mer dann, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg fir 2019 bei 17,5% louch.

Deemno läit deen neie Prozentsaz fir 2019 rëm méi héich, wéi dee vun 2018 mat 16,7%, a mer kënne weiderhi soen, datt zënter 2003 déi Zuel praktesch kontinuéierlech vun 12,2% op elo 17,5% an d’Luucht gaangen ass. Mir mussen also feststellen, datt Aarmut an och Ongläichheeten hei zu Lëtzebuerg weider klammen.

An et gëllt och weiderhin, datt eenzel Bevëlkerungsgruppe méi schlëmm getraff sinn, sou z.B. Kanner mat 24,8%, Famillje mat Kanner mat 22,4%, Monoparentales mat 41,3%. Oder awer Leit mat enger gerénger Bildung mat 23,8% an Auslänner mat 21,7%.

Och ass dee Lëtzebuerger Prozentsaz fir "working poor", also vu Leit, déi schaffe ginn, an awer aarm sinn, ëmmer nach deen drëtthéchsten an Europa!

An d’Aussiichte si mat der aktueller COVID-19 -Kris éischter nach méi schlecht. Duerch Chômage, Kuerzaarbecht a soss Akommesverloschter rechent de Fonds National de Solidarité fir d’nächst Joer mat méi Leit, déi wéinst enger Ënnerstëtzung un hiren Diere wäerten uklappen.

Dofir muss eis Regierung, nieft all deene Milliarden, déi se labber gemaach huet a labber mécht, fir d’Ekonomie um Lafen ze halen, wat ze begréissen ass, och nach e puer Millioune labber maachen, fir d’Akommessituatioun vun de Leit ze stabiliséieren.

Dofir misst zum Beispill d'Allocation de vie chère, déi zwar fir dëst Joer ausnamsweis verduebelt gouf, mä soss awer zënter 2009 onverännert ass, ugepasst ginn, an zwar zousätzlech zu deenen 10%, déi 2021 virgesi sinn, fir d’CO2-Steier zum Deel auszegläichen. Da sollt och de Revis no uewen ugepasst ginn, a virun allem sollt endlech déi versprache Kannergeldhéijung kommen, ouni bis zum Enn vun der Legislaturperiod ze waarden. De verlängerte Bezuch vu Chômage sollt dann och virugefouert ginn.

Op der anerer Säit wier ee méi grousse Schrack, wéi dee geplangten a Richtung méi steierlech Gerechtegkeet noutwendeg.

All dat, an net manner sollt eis eis Zukunft wäert sinn.