Besonnesch déi afrikanesch Entwécklungslänner hu sech relativ gutt duerch d'COVID-19-Pandemie geschloen, ënner anerem, well se ganz fréi a ganz schnell déi richteg Decisioune geholl hunn. An dëser Carte blanche erkläert den Auteur, firwat dat de Fall ass mä awer och wisou déi Länner net wirtschaftlech dervu profitéiere kënnen an elo esouguer riskéieren, an eng Finanzkris ze rutschen, déi och hier Auswierkungen op eis Länner kéint hunn

Carte Blanche vum Michel Maquil

D'Pandemie, déi duerch de Covid-19 ausgeléist gouf, huet eis westlech Länner ganz haart getraff.

Duerfir goufe sech gläich vill Suergen ëm d'Entwécklungslänner gemaach, déi keng Reserven hunn, fir esou eng Kris ze meeschteren

Erstaunlecherweis hu Länner, wéi  zum Beispill déi an Afrika, sech bis elo relativ gutt duerch déi sanitär Kris geschloen.

Dat ass bedéngt, well si eng äusserst jonk Bevëlkerung hunn, déi vill manner vum Virus getraff gëtt. Dann ass den afrikanesche Familljemodell anescht wéi bei eis. D'Kanner liewe meeschtens mat den Elteren an de Grousselteren ënnert engem Daach. Esou gëtt et dann och a ganz Afrika kaum Altersheemer. D'Awunner an deene Länner reese ganz wéineg an da besonnesch hunn hir Regierunge ganz fréi a ganz séier reagéiert an trotz wéinege Mëttelen, déi richteg Schrëtt ënnerholl. Déi Schrëtt sinn och ouni nennenswäerte Widderstand vun den Awunner akzeptéiert ginn. Dat erkläert sech och doduerch, datt Afrika rezent batter Erfarunge mat Ebola huet misse maachen. Esou woussten déi betraffe Länner, wéi se direkt hu misse richteg handelen.

Mat e puer Ausnamen hunn déi Länner dann och wéineg Fäll vu Covid-19-Infektiounen am Verglach mat europäesche Länner.

Leider konnten déi afrikanesch Länner net profitéieren vun hirer wirtschaftlecher Situatioun an der Pandemie, well den Handel mat de westleche Länner staark zréckgaangen ass an derbäi och déi direkt Entwécklungshëllef vu ville westleche Länner ofgebremst gouf.

Dowéinst ass déi schonn héich national Verscholdung vun den Entwécklungslänner nach weider geklommen. De Risiko besteet elo, datt relativ séier eng gréisser Finanzkris do ausbrécht.

Esou eng Kris géif och an eise Länner gréisser Konsequenze matsechbréngen, well an de leschte Jore vill grouss international Investisseuren ënner aneren Investment-Fongen a Pensiounsfonge sech mat Emprunte vun esou Länner agedeckt hunn. Déi Länner mussen héich Zënse bezuelen, wa se Geld wëlle léinen. Leider haten esou Investisseure bal vergiess, datt, wann ee Land héich Zënsen op senge Scholde muss bezuelen, dann ass dat fir en héije Risiko ofzedecken. An esou ee Risiko kéint elo antrieden.

Bei de Sahel Länner stellt de Scholdendéngscht ronn 15 PRozent duer vun allem, wat déi Länner duerch hier Exporter verdéngen, an dee Prozentsaz weist eng Tendenz no uewen. Dat ass och de Fall, well d'Exporter zréckgaange sinn.

Am Sënn vun enger nohalteger Finanz misst een doriwwer nodenken, ob et wierklech Sënn mécht, deene Länner Geld ze léinen, zu Zënssätz, déi se net verkraafte kënnen. Dat féiert fréier oder spéider net nëmmen an Afrika, mä och a Latäinamerika, zu enger Katastroph. Do misst een iwwerleeën, wéi deene Länner iwwer aner Weeër besser gehollef ka ginn.

Michel MAQUIL

Fräie Wirtschaftsberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Quellen:

Coronavirus in Africa: Five reasons why Covid-19 has been less deadly than elsewhere , BBC, October 7, 2020: https://www.bbc.com/news/world-africa-54418613

Schwellenländer am «finanziellen Abgrund» – warum eine drohende Schuldenkrise auch in der Schweiz spürbar wäre, NZZ Oktober 14, 2020: https://www.nzz.ch/finanzen/anleihen/coronavirus-und-schwellenlaender-angst-vor-einer-schuldenkrise-ld.1580115