Wou steiere mir hin? Covid-19 huet e massiven Aschnëtt an eist Liewe bruecht, lo waarde mir op besser Zäiten. Niewt der Sanitärkris kommen awer och méi a méi politesch Herausfuerderungen op eis duer. Wärt et en « No-Corona » ginn? dat freet sech d'Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin Christiane Bram e Mëttwoch de Mëtteg an hirer Carte Blanche...

Carte Blanche vum Christiane Bram

Am Mount November, traditionell dem Wandmount, bléist de Wand lo effektiv aus der richteger Richtung a bréngt dësem spezielle Joer méi Positives wéi geduecht. D’Wäisst Haus kritt nei Locatairen, d’Impfunge géint Covid-19 sinn an engem avancéierten Stadium, et gëtt geschwat vun engem « Retour à la normale » ugangs 2021.  Och zu Lëtzebuerg waart jiddereen dorop, obscho mir jo nach an enger relativ komfortabeler Situatioun waren am Verglach mat eise Noperen.

Mee kann et iwwerhaapt e « Retour à la normale » ginn, well dat bedeit dat et e Liewe « viru Corona » gouf an dat et e Liewen « no Corona » wäert  ginn? Ass Corona net méi wéi dat? Eng Tëschenetapp an da geet et viru wéi virdrun, wéi wann näischt gewiescht wier?
 
De Coronavirus huet e massiven Aschnëtt an eist Liewe bruecht, sou wéi mir eis et virun 9 Méint nach net konnte virstellen. All d’Kaarte si frëscht gestéckelt ginn, kee war méi a sengem normalen Ëmfeld. Déi eng hu missen Dag an Nuecht bereet sinn, anerer ware vun haut op muer ouni Beschäftegung an hu versicht d’Zäit ëmzekréien, anerer fäerten ëm hier Existenz, vill sinn aus dem dagdeegleche Rhythmus erausgerappt ginn, et war kee gewinnte Kader méi do den Halt ginn huet. Villes wat viru März als sécher gegollt huet, war op eemol net méi garantéiert oder hat net méi deselwechte Stellewäert, a ka vun haut op muer änneren.
 
Dëse Kader kennt och warscheinlech sou bal net méi zréck, respektiv muss komplett nei amenagéiert ginn. Trotzdeem wäert et méi sinn, wéi en « No-Corona ». Och wann et bis Impfunge ginn, och wa mir de Virus mengen am Grëff  ze hunn, kommen aner « Ploen ». De Virus ka mutéieren, aner sanitär Gefore wäerten optrieden -d’Vullegripp ass schonn nees an Holland festgestallt ginn-, d’Situatioun a Belarus spëtzt sech zou, Ungarn, Polen an och Slowenien ginn op Konfrontatioun mat der EU, Ëmweltfroe beschäftegen eisen Alldag, och wann se am Moment an den Hannergrond gerode sinn, well de Wirtschaftswuesstem nach ëmmer fir geet.
 
Wou steiere mir hin? Einfach op en No-Corona ze hoffen, wat eis nees an eist « aalt Liewen » zréck bréngt, gëtt eis an dësem Moment Courage. Mir hoffen all nees drop, eis léif Fräiheeten erëm ze kréien - ouni Bedenken an eise Liblingsrestauranten a Café’e chillen an eise futille Fräizäitaktivitéiten nogoen - mee dann hu mir näischt aus dëser sanitärer Kris geléiert.
Wat si wierklech Fräiheeten an engem demokratesche moderne Staat, ass et d’Realitéit sech mat Suen all Ephemeres leeschten ze kennen, oder ass et dach éischter en erfëlltent Liewen ze féieren, am Respekt mat der ganzer Mënschheet, dem Planéit an eise Nokommen?

Mir brauche keen stännegen Wuesstem, geleet vun engem Muechtkampf tëscht groussen internationale Käpp. Mir mussen awer derzou bäidroen, duerch de Fortschrëtt, d’Recherche an d’Innovatioun, d’Ëmfeld souwuel vum Mënsch wéi vun allen anere Liewewiesen, méi gerecht, éierbar a komfortabel ze gestalten a sou, jidderengem eng Chance ginn op e liewenswäert Dosinn.