Akademiker debattéieren, wéi een Impakt d’sanitär Kris op eise politesche System, dat heescht op eis Demokratie, an op eise wirtschaftleche System, dat heescht op de Kapitalismus, huet.

Carte Blanche vum Dr Yves Wagner

Dass eis Fräiheete staark ageschränkt ginn, gëtt vun deenen Enge begréisst a vun deenen Anere staark kritiséiert.

Wien hätt virun e puer Méint nach geduecht, dass ee kéint eng Geldstrof kréien, wann een dobausse spadséiere geet? Wien hätt virun e puer Méint nach behaapt, dass esou eng Mesure net géif duergoen, an dass ee méi wäit muss goen, an de Restriktiounen, a virun allem an der Iwwerwaachung an dem Isolement? Esou Debatte beweisen e staarken Trend zu engem autoritärem Regimm, deen eis Demokratië staark ënner Drock setzt.

Méi Autoritéit vum Staat, an eng gréisser Ofhängegkeet vun ëffentlecher Hand, kombinéiert mat enger Konzentratioun vu Pouvoir a Räichtum, stellen eisen Demokratie-Modell a Fro.

Eng rampant Nationaliséierung vun Entreprisen, mat héijer Verscholdung kënnen och de wirtschaftleche System veränneren, obschonn de Kapitalismus sech mat ville politesche Systemer vereenbare léisst, souguer mat all Zort vun totalitäre Regimmen.

Wann een dovunner aus geet, dass en groussen Deel vun der sanitärer an domat wirtschaftlecher Kris a Resultat vun diskutabeler Politik ass, mécht d’Perspektiv vun nach méi Staat wierklech Angscht.

Et ass a Fait, dass déi Länner, déi eng diktatoresch an autoritär Approche an der Sanitärkris haten, de Virus elo besser am Grëff hunn. D’Fro ass awer, ob demokratesch Länner all hir Fräiheete wëllen opginn, ënnert der Tyrannie vun engem onméigleche “Risque zéro”.