An eiser Carte blanche geet et ëm Popcorn, Popcorn awer just als Metapher fir op Problemer vu verschidde Wirtschaftsacteuren a Coronazäiten opmierksam ze maachen an Alternative virzestellen. Et kommentéiert de Paul Hammelmann.

Ech ginn jo Mol dovun aus - entgéint der Iwwerzeegung vun enger Rei Covidioten déi an deene deelweis asoziale Medien mam Géigendeel hauséieren ginn – dat weder eis Regierung, nach iergend eng aner Regierung de perfide Virus bewosst ënnert Bevëlkerung bruet huet, fir se duerno kënnen ze kujenéiere mat Ausgangsspären an Restriktiounen am Commerce an an der Restauratioun.

Weder d’Regierung, nach d’Konsumenten, nach déi betraffe Betriber si besonnesch erfreet iwwer dës Mesuren, mee verstänneg genuch, fir de Schutz vun Mënscheliewen an vun der Gesondheet hiren eegen Interesse virzezéien.

Den Tounfall vu verschidde Lobbyisten awer - si „fuerderen“ an „verlaangen“ – grenzt un Impertinenz an Onverschimmtheet.

Dobäi sinn dat meeschtens déi Selwecht, déi an ekonomesch méi gängegen Zäiten all Interventioun vum Staat, sief et och nëmmen als Regulateur, refuséieren, ganz no hirem Credo: „Der Markt wird’s schon richten“.

De Chef vun der „Deutsche Bank“ huet an dem Kontext virun enger „Zombie-Wirtschaft“[1] gewarnt an de Wolfgang Schäuble, deen een jo net franchement als Marxist ka bezeechnen, sot ganz kloer et soll een d'„Schwungrad des Kaptalismus nicht weiter überdrehen“[2]. Et kann gemäss him no Corona net esou weidergoen, wéi virdrun.

An Amerika - an dat soll just als Metapher verstane sinn, well dat Land jo beileiwen keen Sozialmodell ass – sinn déi grouss Popcornfabrikanten op 7.000 Tonne Maiskäre sëtzebliwwen, well d'Kinoen zou waren, an hunn amplaz de Staat ëm Hëllef ze ruffen, hir Produktioun op Verpackungsmaterial an Emballagen, ebenfalls aus Maiskären, ëmgestallt[3].

Och zu Lëtzebuerg gëtt et Betriber déi, anstänneg kapitaliséiert an geréiert, och am duerchaus schwieregen Horesca-Beräich, gutt iwwert d’Ronnen kommen, déi „Lockdown“-Perioden ze notzen wëssen, fir z’investéieren an ze restauréieren oder och nëmmen hir wuelverdéngte Vakanz an déi Perioden ze verleeën. Dat sinn der allerdéngs meeschtens, dat muss ech zouginn, déi och Proprietär vun hiren Mauere sinn. Fir déi aner kënnt een duerchaus driwwer nodenken, de Staat ze motivéieren, net fir mat der Strenz Subsiden auszedeelen, mä fir mol en Afréiere vun de Loyere virzegesinn.

De Combel an dësem Kontext awer sinn Entreprisen, déi ongenéiert d‘Indezenz an Pieteitlosegkeet ze wäit dreiwen an via soi-disant „Kaddoen“ dem medezineschen Personell „Merci“ soen, an dobäi soss näischt wéi nidderträchteg kommerziell Intresse verfollegen.


[1] Spiegel Online 17.11.2020

[2] Die Welt 13.11.2020

[3] The Washington Post 18.09.2020