Den 9. Dezember war den internationalen Dag vun de Mënscherechtsverdeedeger an den 10. Dezember den internationalen Dag vun de Mënscherechter. Dës Deeg musse laut dem Magali Paulus, zemools an dëse speziellen Zäiten nach méi gewierdegt ginn. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Magali Paulus

Ech kann ouni z’iwwerdreiwe soen, datt ech Aktivistin sinn. Ech setze mech fir d’Mënscherechter an, fir Steiergerechtegkeet, Klimagerechtegkeet, all Zort vu Gerechtegkeet, fir Gläichheet, fir Fridden. Dat maachen ech iwwert meng Aarbecht a meng benevole Engagementer, an deem ech op Manifestatioune ginn oder organiséieren, iwwert mäi Konsumverhalen an och, an deem ech bei bal all Geleeënheeten Themen uschwätzen, déi mir um Häerz leien, wat net ëmmer zur Freed vu jidderengem ass. Och wann heiansdo Leit rose mat mir sinn, mer aus dem Wee ginn, blöd Kommentare maachen, sinn ech awer bis elo am grousse Ganze verschount bliwwe vun Diffamatioun, Attacken op meng Persoun oder meng Famill, Haasskommentaren oder Hatespeech.

Dëst ass net de Fall vu ville Leit, mat deenen ech zesumme schaffen, zemools an anere Länner, wéi am Guatemala, am Nicaragua oder soss Länner a Latäinamerika, Afrika an Asien, déi mat autoritäre Regimmer konfrontéiert sinn. Vill Mënschen, déi d’Mënscherechter verdeedegen - défenseur-e-s des droits humains - si menacéiert, persecutéiert, kriminaliséiert, calomniéiert, exiléiert an esou guer ëmbruecht ginn. 2019 waren et 304 Défenseuren, déi ëmbruecht goufen, fir hiert Engagementer an dat an 31 Länner. Si sinn nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Dofir ass de 9. Dezember den internationalen Dag vun den défenseur-e-s des droits humains. Hiert Engagement ass fir déi mannste vun hinnen eng Vocatioun, mee eng Konsequenz vun Ongerechtegkeete mat deene si konfrontéiert gi sinn, a géint déi si sech asetzen. Et ass fir mech immens wichteg, all déi Fraen a Männer z’honoréieren, déi sech fir d’Reschter vun hire Matmënschen an hirer Ëmwelt asetzen. Et ass och dofir, dass eng Initiativ vu Lëtzebuerger ONGen den Internetsite defenders.lu gegrënnt huet.

Mee et muss en net immens wäit kucke goen, fir op Diffamatioun vun AktivistInnen ze stoussen, esou guer hei zu Lëtzebuerg. Nom Fraestreik sinn op de soziale Medie rassistesch a sexistesch Kommentare géint d’Antonia Ganeto, Porte-Parole vu Finakapé a laang engagéiert Aktivistin, zirkuléiert. D’Antonia huet decidéiert eng Persoun unzekloe wéinst Rassismus a Sexismus. Dat ass e staarken a couragéise Schrëtt géint déi Impunitéit, déi iwwerall op der Welt herrscht. E Schrëtt, net nëmme fir si, mee fir all rassiséiert Mënschen an all déi aner, déi Affer vun Hatespeech an Diskriminéierung sinn. Mir stinn zesummen!