De Robert Weber, de fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat der Glafwierdegkeet vun der Politik.

Eppes "bewosst maachen" heescht "ze erkennen, wat e mécht an ze froen, firwat een dat mécht". Wien net hannerfreet, wat a firwat een eppes mécht, ka sech och net entscheeden, aneschters ze handelen. Dat heescht dann, dass een net fir Alternative bereet ass.

Aus eisem Vertrauen als Bierger an d'Zukunft ass zanter Méint, jo Joren, Suerg an Angscht entstanen. De Bierger soll seng Zukunft "proaktiv" gestalten. Jo d'Zukunft ass näischt, wat einfach vum Himmel fält, näischt, wat einfach esou passéiert. D'Zukunft ass a villem d'Resultat vun eisen Entscheedungen.

Mir sollen Elektro-Autoe fueren, dat wär méi ëmweltfrëndlech. Jo, bei eis ass dat sécherlech méi ëmweltfrëndlech. Wéi gesäit dat awer fir déi globaliséiert Welt aus? Mir sollen eise Müll trennen, dee géing recycléiert ginn. Jo, awer wéi geséit dat fir déi globaliséiert Welt aus? Nach ëmmer sinn Afrika an Asien Müll-Deponië fir eis.

De Fridden op der Welt ass wichteg. Awer nëmmen esou laang wéi e virun eiser Hausdier herrscht. Mir profitéiere wirtschaftlech vun all Krich. Mir loossen Dierfer, ganz Stied, jo ganz Länner bombardéieren, alles in "Schutt und Asche" reduzéieren. An duerno baue mer erëm alles op.

Also verréckt Saache ginn et op der Welt genuch. A verréckt Mënschen och.

Fréier hunn ech Aarbechter kannt, déi hu mat Stolz an hirem Betrib geschafft. Dat war eng wichteg Betribskultur. Haut kennen ech nëmme méi Mënschen, déi schaffen an hirem Betrib, fir Geld ze verdéngen. Gëtt et e Problem, da wësse se net op se muer nach eng Aarbechtsplaz hunn.

"Vertrauen" heescht dat magescht Wuert.

Politikverdrossenheet, all Politiker si korrupt, si halen hir Versprieche souwisou net: Dat ass dach déi allgemeng Meenung dobaussen.

Méi Biergerbedeelegung, méi Matentscheeden, ass eng Äntwert vun der Politik. Jo gutt, an der Chamber gëtt eis dat virgelieft. Dir kënnt all mat schwätzen, awer d'Majoritéit decidéiert. Egal wat fir e Blödsinn decidéiert gëtt, d'Oppositioun weess souwisou näischt an de Bierger muss follegen.

Kuckt, fir de Covid-Virus an de Greff ze kréien, däerfen d'Kanner Niklosdag net bei hir Grousseltere goen. Hir Grousselteren däerfen awer bei d'Kanner goen. Dat gëllt och fir Chrëschtdag. Eng kleng Korrektur war anscheinend net méiglech!?

Fir de Covid-Virus an de Greff ze kréien, mussen d'Restauranten zoumaachen. Eis grouss Geschäfter däerfen awer opmaachen.

Där Witzegkeeten do kéint ech nach eng Stonn erzielen.

Elo gi mer informéiert, wéi d'Impfung géint de Virus organiséiert gëtt. Gutt! Awer mech interesséiert méi den Impfstoff selwer. Wat fir Wierkungen huet en? Wéi laang ass eng Impfung gutt? Sinn ech da wierklech immun géint de Virus? Wat fir Niewewierkungen huet den Impfstoff? Wat fir Laangzäit-Niewewierkunge ginn et?

Awer, léif Matbierger, maacht iech näischt draus. De Bettel sot, hie géing sech als éischten impfe loossen. Hutt dir Vertrauen an dat Argument, oder net. Déi nächst Fuesent kënnt bestëmmt.