Pandemie a keen Enn – och am kierchlechen an allgemeng dem reliéise Beräich. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

D’Joer, dat eriwwergeet, war speziell, och um reliéise Plang. Eist „Zesumme Kierch sinn“ gouf duerch d’Pandemie gehéiereg gestéiert. D’Chrëschte konnte weltwäit den Héichpunkt vun hirem Glaf, nämlech Ouschtere mat der Opersteungsfeier vu Christus, net gemeinschaftlech a net feierlech begoen. Anere Reliounen ass et net besser ergaangen.
D’Reliounsfräiheet als fundamentaalt Mënscherecht war schachmat gesat. Vu Mäerz bis Enn Mee ware jo ëffentlech Gottesdéngschter bei eis verbueden. Elo fir Chrëschtdag bleiwe Restriktiounen, déi wéi dinn. A wéi et weidergeet am neie Joer, wësse mer och net. Gewëss, d‘Politik muss an der Katastrophenzäit derfir suergen, dass d’Iwwerliewen, besonnesch materiell a sanitär, ofgeséchert ass. Mä mer hu séier gemierkt: „De Mënsch lieft net vum Brout eleng.“

De Covid erschüttert eis Sécherheeten a forcéiert eis nozedenken. Esou wéi et bis elo war, kann et net weidergoen – net mat eisem Gerees an eiser Mobilitéit, eisem Liewensstil, net mam Wueren-Echange weltwäit.

Et wuesse keng Beem bis an den Himmel!

Den onauswäichleche Prozess vu Globaliséierung, dee mer héichgejubelt oder zumindest matgemaach hunn, huet säin Zenith iwwerschratt. Elo weist sech, wéi global verwondbar, vulnerabel déi globaliséiert Welt ass. Wie weess ob, wa mer dëse Virus am Grëff hunn, den nächste net scho virun der Dier steet?

Stéchwuert „gestreamte Massen“ – duerch d’Virsiicht a Corona-Zäite leeë si sech no. Déi virtuell Frëmmegkeet iwwer d’elektronesch Medien hëlleft a Krisenzäiten, ass am Reegelfall awer keen ebenbürtegen Ersatz.

Wouer bleift: „Wou der zwee oder dräi a mengem Numm versammelt sinn (a net virum Laptop sëtzen), do sinn ech matzen ënnert hinnen.“ En Zitat vum tschecheschen Theolog Tomas Halik: „La présence réelle du Christ dans l’Eucharistie requiert la présence réelle des fidèles autour de l’autel et la présence réelle des chrétiens dans la société.“ Hoffentlech kommen déi Zäite geschwënn nees erëm!

An deem Sënn elo emol gewënscht: wa scho net e reellen, da wéinstens e virtuelle schéine Chrëschtdag!

Georges Hellinghausen