Covid-19 – Solidaritéit, Toleranz, Respekt a Responsabilitéit.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

E Joresufank ass ëmmer e gudde Moment, fir op dat vergaangent Joer zréckzekucken a sech Virsätz fir dat neit Joer ze huelen.

De Réckbléck 2020 ass do sécher eemoleg – fir ons perséinlech a fir ons als Gesellschaft.

Et war eng Zäit mat vill Onsécherheet, Angscht, Verzweiwlung, Trauer, Frust an och Hëlleflosegkeet. Mir hu kloer gemierkt, wéi machtlos mer géintiwwer der Natur sinn.

Dës eemoleg Kris huet ons erëm bewosst gemaach, datt mir all een Deel vum Ganze sinn – ee Glidd vun der Ketten. Mir sinn nees dorun erënnert ginn, datt Fräiheet u Responsabilitéit gebonnen ass – an datt ons Gesellschaft an esou Zäiten nëmme fonctionéiert, wann all Eenzelen bereet ass, fir seng Gewunnechten am Interêt vun der Allgemengheet ze änneren.

Dat lescht Joer huet enorm Efforte mobiliséiert. Virop am Gesondheets- an am  Fleegesecteur a bei  all deenen,  déi dozou bäigedroen hunn, fir d’Grondversuergung vum Land oprecht ze erhalen – an dozou gehéiert ouni Zweiwel och d‘Educatioun. Ech denke weider un déi sëllege Benevollen, déi sech d’lescht Joer an alle Beräicher fir d‘Allgemengheet engagéiert hunn.

D’Pandemie war a bleift och eng enorm Erausfuerderung fir d‘Regierung mam Premier Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

All hinne gehéiert onse grousse Merci an onsen déiwe Respekt.

No der éischter Well vun Infektiounen hu mer bei ville Leit eng Pandemie-Middegkeet feststelle kënnen, wat verständlech ass, awer net verstänneg. Wa jiddereen déi néideg Mesuren befollegt hätt, hätte mer d’Restriktiounen nämlech net erëm musse verschäerfen. Well de Mënsch awer déi sozial Interaktioun brauch, ass et, wann och bedauerlech, dach awer verständlech, dass eng ganz Rei vu Leit sech onverstänneg an onverantwortlech behuelen. Manner verständlech ass de wuessende Phänomen vun de Verschwierungstheorie ronderëm dës Kris, dee sech wéi en zweete Virus ze verbreede schéngt.

Och dëst Joer si mer nach net iwwert de Bierg an d‘Pandemie wäert nach laang hir Spueren um gesondheetlechen, sozialen, psychologeschen a wirtschaftleche Plang hannerloossen.

Mir kënnen de Covid-19-Virus nëmme packen, wa mer ons all solidaresch, tolerant, respektvoll a responsabel behuelen – och wann d‘Pandemie bis eriwwer ass.

Passt wieder op Iech an op déi aner op.

Dat ass et, wat ech mir fir dëst Joer wënschen.