Fir de woxx-Journalist Richard Graf ass et wichteg, sech elo scho Gedanken ze maachen iwwert déi sozial Verwerfungen, déi d'Pandemie mat sech bréngt. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Zwar wësse mer ëmmer nach net, wéi laang d'Pandemie an hir Konsequenze fir ons Gesellschafte wäerten undaueren. Trotzdeem ass et wichteg, sech elo scho Gedanken ze maachen iwwer dat, wat mer aus dëser - dach eemoleger - Situatioun léiere kënnen.

D'Carte Blanche vum Richard Graf

Et gëtt e puer Elementer, déi een optimistesch maachen.

Zum Beispill wann agefleeschte Liberaler neierdéngs d'Wichtegkeet vun enger Interventioun vum Staat betounen, fir datt d'Wirtschaft net Baach erofgeet.

Oder wann eng Rei Beruffer, déi bis elo éischter als mannerwäerteg gegollt hunn, op eemol als existenziell fir eis Gesellschafte betitelt ginn.

Oder d'Renaissance vum Wuert Solidaritéit, an engem Kontext wou jiddweree mat verantwortlech ass, fir d'Verbreedung vum Virus ofzebremsen.

Allerdéngs ass den Optimismus séier nees am Keller, wa mer déi direkt Auswierkunge vun der Kris kucken. Mir musse feststellen, datt grad déi äermsten Deeler vun der Bevëlkerung - hei a soss an der Welt - riskéieren, am stäerkste vun der Pandemie betraff ze ginn.

Och wann et nach eng Zäitchen dauere wäert, bis d'Statistik eis genau Zuele liwwere kann, sou gëtt et dach eng Rei Indicateuren, hei zu Lëtzebuerg, an Europa a weltwäit, déi drop schléisse loossen, datt d'Schéier tëschent räich an aarm, net nëmme weider ausernaner geet, mä sech dëse Phänomeen esouguer nach beschleunegt huet.

De vill zitéierte Staat, misst seng nei unerkannte Roll dach eigentlech dozou notzen, dësem Trend entgéint ze wierken.

Déi entspriechend Mesure sinn allerdéngs bescheiden, wann e kuckt wat insgesamt an de wirtschaftlechen Nees-Opschwong gestach gëtt.

Zwar gouf zu Lëtzebuerg, zum Beispill, d'allocation de vie chère verduebelt – nodeem se e Joerzéngt laang net bougéiert huet. Dës Erhéijung gëllt an där Form awer nëmme fir 2020­.

Och d'Verlängerung vum Blockage vun de Loyeren ass u sech eng gutt Moossnam.

Allerdéngs waren d'Loyere fir vill Leit schonns virun der Kris vill ze héich. Duerch di zousätzlech finanziell Schwieregkeeten, kommen si elo trotzdeem an d'Laberenten.

Et sinn awer net nëmmen di Äermst, déi d'Kris ze spiere kréien. Och déi, déi just iwwert de Krittäre vun der Vergab vun diverse Vergënschtegunge leien, maache schwéier Zäiten duerch.

D'Hoffnung bei hinnen, hir Liewenssituatioun lues awer sécher kennen ze verbesseren, huet längst der Angscht no ënnen ze rutschen, misse Plaz maachen.

Iergendwann mussen eis Gesellschafte Kéier kréien, fir dësen Trend ze stoppen. Dat heescht awer och, datt déi, déi ouni ze vill Blessuren duerch d'Kris komm sinn, an Zukunft e méi staarke Beitrag musse leeschte fir eise Staat ze droen, wéi déi, déi an hirem Liewensprojet zeréck gehäit goufen.