De Roland Pinnel hëlt haut a senger Carte blanche eng Partie Ongereimtheeten op d’Schëpp, déi him déi lescht Zäit opgefall sinn. Hei seng Iwwerleeungen dozou.

Carte Blanche vum Roland Pinnel

Dir erënnert Iech bestëmmt nach un d’Geschicht vun deem jonke Borscht, dee vru ronn 200 Joer op Amsterdam komm ass an Erstaunleches erlieft huet. Wéi en do ee wonnerbaart Haus an en impressionnant Schëff gesinn huet a gefrot huet, wiem déi géife gehéieren,  krut en all Kéier d’Äntwert: "Kannitverstan" an en huet gemengt, de Proprietär vun deene schéine Saache géif "Kannitverstan" heeschen.

D’Geschicht mat hirer Philosophie, déi dohannert stécht, geet nach weider, mä ech wollt elo léiwer séier bei eis an d’Joren 20/21 sprangen.

Och hei kënnt eise jonke Borscht iwwer munches staunen.

An da wären et dës Kéier net déi aner, déi zu him «Kannitverstan» géife soen, mä hie selwer géif «Kannitverstan» soen.

Wat géif hie wuel denken, wann e géif gesinn, dass  am Mäerz de «Stade de Luxembourg» soll opgoen, et do awer nach keen definitive Parking gëtt? Wéi wa virdrun net Zäit genuch gewiescht wier, fir dat scho parallel mam Bau vum Stadion gemaach ze hunn. KANNITVERSTAN !

Oder, wa mer scho beim Futtball sinn: Wat géif hie wuel vun den neien Trickote vun eiser Nationalekipp halen? Op deenen eis Tricolore net rout-wäiss-blo, mä blo-wäiss-rout an och net horizontal, mä vertikal duergestallt ass. KANNITVERSTAN !

Corona oblige: E géif warscheinlech och net schlecht staunen, wann e verschidden Aussoe vun eisen Autoritéiten a puncto Infektiounszuelen héieren hätt. Wéi déi, dass mer Mëtt Dezember anscheinend an enger «Twilight-zone» waren. Wat souvill wéi «crépusculaire» heescht. Dat war wuel net gemengt. KANNITVERSTAN !

E géif ganz bestëmmt och net verstoen, wisou nach ëmmer keng FFP2- Maske verdeelt ginn, wou dach an der Tëschenzäit gewosst ass, dass déi vill méi effikass si wéi déi normal chirurgesch. Och do: KANNTIVERSTAN !  &

Vun haut u geet et jo e bësse besser, mä wéi verwonnert hätt en dra gekuckt, wann en déi lescht Wochen an eent vun eise Kulturhaiser hätt wëlle goen an e festgestallt hätt, dass déi all hermetesch zou waren.

Bei vill aner Leit an e Supermarché goen, dat wär awer fir hie problemlos gaangen. KANNITVERSTAN !

* De Roland Pinnel ass Éierendirekter vum Luxembourg City Tourist Office.