De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwer sozial Medien an eis demokratesch Ëffentlechkeet.

An de leschte Méint hu vill Leit enorm vill Zäit virum Schierm verbruet. Sief et am Home office oder op Facebook, Instagram an Twitter oder och op Netflix fir sech d'Zäit ze verdreiwen. Op Netflix ass zanter kuerzem en interessante Documentaire iwwert di sougenannten sozial Medien ze gesinn: "The Social Dilemma" vum Jeff Orlowski. E Film, an deem virun allem fréier Mataarbechter vu Social-Media-Firmen virun den negativen Effekter vun deene Plattformen fir eis Demokratie warnen.

Carte Blanche vum Marc Limpach

Ufank 2021 sinn nach ëmmer Milliounen vun US-Amerikaner iwwerzeegt, dass den Joe Biden d'Walen vum 3. November net gewonnen huet. Dat huet mam Trump senge Ligen, awer virun allem mat "partizipativer Desinformatioun" op de soziale Medien ze dinn. Fakten ziele fir vill Leit net méi, si gleewen falsch Informatiounen, déi se dauernd an hirer digitaler Blos gewise kréien oder op Youtube vermeintlech "recherchéieren", duerno selwer deelen an dann erëm confirméiert kréien. Falsch Informatioune verbreeden sech duerch Facebook 6mol esou séier, wéi objektiv iwwerpréiften Fakten. All provokante Post mat just "gefillte Wourechten" bréngt Opmierksamkeet, Likes, Befriddegung a féiert zu engem Dopaminausstous am Gehier. D'Algorithmen vun de soziale Medien favoriséieren eng individualiséiert Massekommunikatioun, déi d'Leit éischter auserneendreift, wéi zum Meenungsaustausch ureegt. Jidderee kritt am digitale Raum eng Informatiounsinsel mat senger eegener Realitéit virgesat. Dobäi sinn gemeinsam akzeptéiert Fakten eng grondleeënd Viraussetzung fir en ëffentlechen Diskurs. Ouni gemeinsam Basisfakten, si keng Kompromësser a keng demokratesch Ëffentlechkeet méi méiglech.

2019, hunn an den USA 77% Republikaner an 72% Demokraten gesot, dass se net just iwwert d'Ausriichtung vun der Politik net d'accord sinn (wat an enger pluralistescher Demokratie jo normal ass), mee iwwer grondleeënd Fakten. Polariséierung awer bréngt Clicks a Likes. Well sozial Medien wéi Facebook dovunner finanziell profitéieren, ginn hir Algorithmen extra entwéckelt, fir ëmmer weider ze polariséieren an ze spalten. En internen Memo vu Facebook huet 2018 erkläert: "Our algorithms exploit the human brain's attraction to divisiveness." Users kréie bewosst "more and more divisive content" gewisen, fir Opmierksamkeet ze bannen an domat den Zäitverbleif op der Platform ze steigeren. Klassesch Medien bilden e breede Meenungsspektrum of. Awer wat ee sech méi op Facebook ze "informéiere" versicht, wat engem seng Meenung ëmmer méi enk a méi radikal gëtt. 64% vu Leit di Member vun extremisteschen Gruppen op Facebook ginn, si vu Facebook-Algorithmen un déi Gruppen eru gefouert ginn. Dobäi gëtt ganz bewosst di mënschlech Psychologie ausgenotzt: Vermeintlech grouss Geforen oder bewosst Provokatiounen kréien am meeschten Opmierksamkeet. A wat d'Mënsche sech doheem méi eleng oder isoléiert fillen, wat d'Wichtegkeet vun de Likes an der digitaler Unerkennung zouhëlt. D'Sich no Opmierksamkeet gëtt zu enger Drog. Dat ganzt féiert dozou, dass deen Eenzelen ëmmer méi manipuléierbar ass an onbewosst – awer fräiwëlleg – och ëmmer méi perséinlech Daten un d'Tech-Giants iwwermëttelt.

Dobäi hunn déi Giganten e finanziellen Ureiz, fir ëmmer méi Daten ze sammelen, déi se kommerziell nëtze kënnen. D'Professer Shoshana Zuboff, huet deem System e Numm ginn: "surveillance capitalism". Eis intiimste Gefiller an Iwwerzeegungen, déi mer fräiwëlleg ni enger Regierung uvertraue géifen, mutéieren zu enger disponibeler Ressource, déi dëse private Firmen enorme Profit bréngt. Fir dëser Entwécklung entgéint ze steieren, brauche mer e méi bewossten Ëmgang mat soziale Medien, professionelle Journalismus, eng pluralistesch Medielandschaft, eng robust Zivilgesellschaft an och méi Kultur: also Bicher, Lidder, Biller an Theaterstécker, déi verschidden Perspektiven op gemeinsam mënschlech Erfarungen méiglech maachen. Journalismus a Kultur sinn essentiell fir de mënschleche Prinzip vun der Reziprozitéit an den Austausch an eiser Demokratie. D'Ënnerstëtzung vun der Presse an eng rechtsstaatlech an demokratesch legitiméiert Reguléierung vun de soziale Medien si grondleeënd Viraussetzung, fir och an Zukunft nach fräi Meenungsbildung – an domat wierklech Meenungsfräiheet – ze garantéieren.