D'ganz Welt lieft haut enger Zäit, déi duerch d'Pandemie an d'Klimakris bestëmmt gëtt. Eng extrem schwiereg a komplex Situatioun, an där mir musse versichen, alles drun ze ginn, fir nei Léisungen ze fannen. Zu Lëtzebuerg gëtt et doniewent och nach eng drëtt Kris: Déi vum Logement. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Nee et ass keng Nouvelle, wann ech soen, dass mer eng Logementskris zu Lëtzebuerg hunn. Fir ëmmer méi Leit mat normale Paien, déi eng Wunneng brauchen, also Jonker, Leit, déi nei op Lëtzebuerg kommen, Persounen, déi gescheet ginn, ass et bal onméiglech, fir eppes ze fannen. Si ginn duerch déi enorm Loyerspräisser vun engem Dag op deen aneren an d'Aarmut gedréckt. Do hëlleft keng Erhéijung vun engem Mindestloun ëm e puer Prozent oder nach e Subside fir de Loyer, fir hinnen en dezent Liewen z'erméiglechen. Refugiéeë kréie mer net aus de Foyeren eraus, d'Gemengen traue sech net mol méi, fir d'Cafészëmmer ze raumen, well et néirens méi eng Méiglechkeet gëtt, fir eng Wunneng ze lounen. Wann Dir e Revis kritt, en CDD als Aarbechtkontrakt hutt oder net mindestens 3 Mol souvill verdéngt wéi de Loyer kascht, braucht Dir schonns net méi bei enger Immobilière nozefroen. All Leit, déi am soziale Secteur schaffen oder engagéiert sinn, soen, dass d'Situatioun dramatesch ass, dass mer eigentlech missten de Wunnengsnoutstand zu Lëtzebuerg ausruffen.

D'Ursaache vun der Situatioun si bekannt: Enormen Wuesstem, bëllegt Geld um Weltmaart, e favorabelt Ëmfeld, fir an Immobilien ze investéieren, d'Spannung tëscht Bauperimeter an Naturschutz féieren dozou, dass et net méiglech ass, séier genuch Wunnengen ze bauen, fir Drock op d'Präisser ze maachen.

Den neie Pakt Logement an nach verschidden aner Reforme gi sécher an déi richteg Richtung. An trotzdeem schénge mir dës Usätz net op der Héicht vun der Krisesituatioun ze sinn.

Noutsituatioun heescht, a mir wëssen dat elo besser wéi virdrunner, dass mer verschidde méi radikal Mesurë mussen huelen, fir dass mer net an eng global Gesellschaftskatastroph erarutschen.

Ech géif Folgendes proposéieren:

- D'Präisser vun de Kaffiszëmmere kloer kadréieren: Ënnert 25 m2 maximal 15 Euro de m2.
- Eng seriö Wunnengsbesteierung op Basis vun der Wunnfläch mat engem Fräibetrag fir all Persoun, déi am Haushalt wunnt.
- Besteierung vun de Loyeren iwwert e System, wéi an der Belsch (précompte immobilier), wou de Proprietär e Forfait am Viraus bezilt. Domadder bezilt jidder Proprietär, deen eppes verlount, also Privatmann genausou wéi Entreprise, ob si hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland ugemellt sinn. Hei kënnt een en plus dës Steier der Energieklass upassen, fir dass och déi Energiebruchbude renovéiert ginn. Bei Energieklass A ass d'Steier e Mount Loyer, bei der Energieklass B annerhallwen a sou weider...
- E System, bei deem de Staat Terrain am Bauperimeter op laang Zäit beispillsweis 10 oder 15 Joer lount. De Staat géif dann a Modulbauweis, ökologesch, einfach, kleng Wunnengen dropsetzen an als Sozialwunnenge verlounen. D'Proprietäre géifen eng gerecht Pacht fir den Terrain kréien, kënnen eventuell d'Haus fir en raisonnabele Präis herno ofkafen oder si kréien den Terrain erëm eidel zeréck. Am selwechte Moos géif en déi onbebauten Terrainen deier besteieren.

Mir brauchen an esou enger Krisesituatioun vill méi staarke politesche Wëlle fir nei Léisungsusätz.