Wéieng vun dësen 2 Promotiounscampagnen fir d’Infirmièresformatioun gefällt Iech am Beschten?

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

 “Kommt an d'Fleeg, an dësem villsäitege Beruff kënnt Dir mat Mënsche schaffen, mä et kënnt awer och op Geschéck un! Wann Dir eng sécher Aarbechtsplaz sicht, da gitt Infirmière a kommt an de Lycée vun den Gesondheetsberuffer“.
Mäi Favorit wier kloer Versioun 2.

“Wëlls du d‘Schwäizer Täschemesser ënnert de Gesondheetsberuffer ginn? Dech iwwert denger berufflecher Karriär weider forméieren an als richtegen Expert d'Fleegequalitéit um Terrain mat veränneren? Da bass de op der uni.lu genau richteg”.

Mir si frou, dass den Héichschoulminister den Infirmièren elo eng vollwäerteg Infirmièresformatioun op Bachelorniveau ugebueden huet. Elo kënnt et op d’Ëmsetzung un! Wat den Terrain nämlech net brauch, ass d’Ënnerdeelung tëscht enger elitärer-Bachelor an enger „Fouss-Vollek“-BTS-Formatioun. Amplaz muss den Infirmiersberuff u sech valoriséiert ginn.

Wéi kéint den Infirmiersberuff 2030 also ausgesinn, wann de Bachelor elo sënnvoll ëmgesat gëtt?

Ech stelle mir vir, dass 2030 déi Jonk zu Lëtzebuerg sech d‘Fro stellen: Studéieren ech Psychologie, Fleeg oder Kiné? 2030 studéiert d‘Infirmière nämlech wéi déi aner Gesondheetsberuffer, och op enger Universitéit. A gemeinsame Moduler um „Health Campus“ vun der Uni Lëtzebuerg, hunn d‘Gesondheetsberuffer geléiert effikass mateneen ze schaffen.

Schnell gëtt gesot, wat kascht dat? Dobäi misst ee sech éischter d’Fro stellen, wat gewanne mir doduerch? Eng rezent Etüd aus der Schwäiz weist z.B., dass eleng am Laangzäitberäich 1.4 Milliarden Euro agespuert kéinte ginn, wann d‘Infirmièren erweidert Kompetenzen hätten an doduerch manner Bewunner onnéideg an d‘Spidol ageliwwert géinge ginn. An deem Kader huet d‘Uni Basel elo z.B. e Studium ausgeschafft. Politik, Fuerschung a Praxis, Hand an Hand.

Wat d’Etüd allerdéngs och gewisen huet, ass dass d’Zäit, déi d’Infirmière beim Patient verbréngt, genau sou vun Bedeitung ass. Eng gutt Formatioun eleng bréngt deemno näischt, wann d'Konditiounen um Terrain net stëmmen. D’Grënn firwat d’Infirmièren de Beruff verloossen, mussen dowéinst onbedéngt zum Thema ginn. Genausou brénge gutt Aarbechtskonditiounen eleng näischt, wann d'Infirmièrë weiderhin an der Ofhängegkeet vun anere Gesondheetsberuffer stinn, an net als selbststänneg denkende Gesondheetsberuff an Expert vun der Fleeg unerkannt ginn.

Mir schéngen an den Diskussiounen elo e gutt Stéck weiderkomm ze sinn a mir bleiwen zouversiichtlech, dass d’Politik hier Verspriechen anhält!

2019 hat eis Pressekonferenz den Titel “If you are not on the table, you are on the menu”! D’Infirmièren dierfen ni méi um Menü stoen!