Et ass an dësen Zäite schwéier fir déi verantwortlech Politiker, dee richtege Wee ze fannen, tëscht dem effikassem Bekämpfe vun der Pandemie an dem Erhale vun den demokratesche Reegelen. Awer an normalen Zäite misst eng modern Demokratie, d'Zivilgesellschaft an de politesche Prozess mat abannen, fir datt laangfristeg Moossnamen akzeptéiert ginn, déi fir d’Erhale vun engem bewunnbare Planéit onëmgänglech wäerte ginn.

Carte Blanche vum Francis Schartz

Beim Bekämpfe vun der Covid-Pandemie fuerderen déi Eng den "Etat Providence", dee schonn am Viraus fir genuch qualifizéiert Fleegepersonal, fir genuch Tabletten an de Schoulen, fir transparent Aktiounspläng, a fir Kompensatioune fir all eventuell Verloschter gesuergt huet. Déi Aner protestéieren géint ze vill streng Ausgangsspären, fäerten eng Impfflicht a wëllen de Staat am léifste ganz aus hirem Privatliewen eraushalen. Et ass an dësen Zäite schwéier, fir déi verantwortlech Politiker dee richtege Wee ze fannen.

Déi réimesch Republik hat dësen Dilemma op eng pragmatesch Aart a Weis geléist. A kriddelege Situatiounen huet de Senat een Diktator bestëmmt, dee ganz onofhängeg d’Geschécker vum Staat leede konnt. Awer no maximal sechs Méint huet de Senat mat den zwee Konsulen erëm d’Muecht iwwerholl.

Mir wëlle keen Diktator, awer a Krisenzäiten muss och eis Regierung ongewéinlech Moossnamen ergräife kënnen an am Parlament muss sech d’Parteipolitik dem Allgemengwuel ënneruerdnen.

Awer an normalen Zäite muss eis modern Demokratie, sech erëm op hiren Ursprong besënnen, nämlech d’Regéieren duerch d’Vollek. Mir hu wuel eng representativ Demokratie awer bei Ugeleeënheeten, déi d’Wuelbefanne vun der Bevëlkerung oder hir Zukunft staark beaflossen, däerf d’Politik sech net scheien, d’Zivilgesellschaft mat anzebannen, a Workshoppe Virschléi ausschaffen ze loossen, a souguer duerch gutt virbereete Referendumen d’Leit direkt matbestëmmen ze loossen. Eng Geleeënheet heivir wier d'Realiséiere vum 5G-Netzt gewiescht.

Fir eng Visioun vun enger nohalteg Entwécklung vun eisem Land ze erschaffen, misst endlech deen ëmmer rëm versprachenen Zukunftsdësch agefouert ginn.

Awer och bei méi sektoriellen Ugeleeënheeten, wéi zum Beispill am Enseignement, ass d’Akzeptanz vun aschneidende Moossnamen um Terrain kleng, wann d’Acteuren net an de Decisiounsprozess matagebonne ginn.

Zousätzlech soll d’Politik op Gremien, wéi den Nohaltegkeetsrot lauschteren, Analyse vun Organisatiounen, wéi dem Mouvement Ecologique, awer och Beweegunge, wéi "Fridays for Future" eescht huelen.

Wann d'Zivilgesellschaft an de politesche Prozess matagebonne gëtt, awer net just eng Alibifunktioun kritt, entsteet eng Bereetschaft, fir méi laangfristeg an drastesch Moossnamen ze akzeptéieren, déi leider onëmgänglech wäerte ginn, wa mir deene kommende Generatiounen ee bewunnbare Planéit hannerloosse wëllen.

De Francis Schartz ass de President vun der Initiativ fir Nohaltechkeet INFINO