D’Evolutiounsfuerschung an d’Evolutiounstheorie sinn e Paradebeispill duerfir, wéi Wëssenschaft funktionéiert, wat se leeschte kann a wou se Afloss drop huet. A senger Carte blanche gëtt de Patrick Michaely eng Rei Grënn un, firwat den 12. Februar e Feierdag fir d’Wëssenschaft kéint sinn.

Carte blanche vum Patrick Michaely

Evolutioun ass eng Tatsaach, e Fakt. Himmel an Äerd gëtt et net eréischt zënter 6.000 Joer a Liewewiese verännere sech kontinuéierlech. Handfest Beweiser duerfir ginn et massenhaft, si fëllen ënner anerem d’paleontologesch Sammlunge vun den naturhistoresche Muséeë weltwäit. Dës etabléiert Faktelag gëtt allerdéngs ëmmer erëm mat “alternative facts” konfrontéiert, fir mat de Wierder vun engem fréieren amerikanesche President a senge Konsorten ze schwätzen.

Wéi Evolutioun funktionéiert, hunn 1858 den Charles Darwin an den Alfred Russel Wallace onofhängeg vunenee skizzéiert an der Ëffentlechkeet virgestallt. Si gëllen allen zwee bis haut als d’Begrënner vun der Evolutiounstheorie, an där d’natierlech Selektioun de wichtegste Moteur ass. Variatioun, Verierwung, Zäit an Upassung un d’Ëmwelt si weider wichteg Ingredienten an dësem Kachrezept vun der Evolutioun, dat zënterhier villfach duerch Fuerschung um Terrain an am Labo bestätegt gouf, sou datt et an de grousse Linnen nach ëmmer Bestand huet.

Et kann een also nach ëmmer gären de groussen Evolutiounsbiolog Theodosius Dobzhansky zitéieren, datt näischt an der Biologie e Sënn ergëtt, et sief dann, datt een et am Liicht vun der Evolutioun kuckt.

D’Evolutioun erkläert, wéi d’Liewen op der Äerd entstanen ass.

D’Evolutioun ass d’Erklärung duerfir, datt et esou eng grouss Typpen- an Aartevillfalt ënnert de Liewewiese gëtt.

Der Evolutioun ass et ze verdanken, datt all Liewewiesen sou gutt un hir Ëmwelt, an där si liewen, ugepasst sinn.

D’Evolutioun erkläert och, firwat vill aner Liewewiesen ausgestuerwe sinn oder duerch Iwwernotzung, Klimawandel, Ëmweltverschmotzung oder invasiv Aarte riskéieren auszestierwen.

Och mir Mënsche sinn e Produit vun der Evolutioun. Genee wéi all déi aner Liewewiesen si mir nëmmen en Deel vum grousse Ganzen an dovunner ofhängeg. Déi wichtegst Erkenntnes ass awer villäicht déi, datt mir all dëst mëttlerweil ouni Bezuch op iwwernatierlech oder konspirativ Kräften erkläre kënnen. D’Evolutioun an d’Evolutiounstheorie sinn domadder e Paradebeispill wéi Wëssenschaft funktionéiert a wat se leeschte kann: Virdrun isoléiert Fuerschungsgebidder zesummeféieren, nei Froen opwerfen an net zulescht Villes an der Welt an engem anere Liicht weisen. D’Evolutiounstheorie huet onmëttelbar Konsequenze fir eng ganz Rei vu philosopheschen a weltuschauleche Froen.

An 3 Wochen, um 12. Februar géif den Charles Darwin säin 212. Gebuertsdag feieren. Wann ee mol vun der Tatsaach ewechkuckt, datt en 212. Gebuertsdag op engem Schnapsdatum wéi dem 12.2.21 souwisou eng Feier wäert ass, ass et awer och net vun ongeféier, datt op ville Plazen an der Wëssenschaftswelt mëttlerweil en Darwin Day commemoréiert gëtt. Vläicht verstitt Der elo firwat a feiert mat.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum Lëtzebuerger Comité vum International Council of Museums.