A ville Betriber a Verwaltungen ass den Homeoffice méi oder manner staark verbreet a wäert och an Zukunft en Deel vum Wirtschafts- a Beruffsliewe bleiwen. Wéi gesäit et awer no bal engem Joer Covid-Pandemie, am Enseignement aus: Beim Homeschooling wa generell beim "digital-learning"? Doriwwer handelt d’Carte Blanche vum Ekonomist, Marc Muller.

Carte Blanche vum Marc Muller

Déi aktuell Pandemie, an där de "social distancing" als wichtegst Waff gëllt, ass wéi gemaach fir d’Digitalisatioun an alle Beräicher esou richteg op d’Schinnen ze setzen, och beim Staat. Schliisslech huet eist klengt Land zënter der Regierungsbildung 2018 net nëmmen e "Ministre délégué à la Digitalisation", mä gläichzäiteg e Premierminister, deen als "Ministre de la Digitalisation" dësen wichtegen Domaine zur"Chefsaach" erkläert huet. Esou wäit, esou gutt.

Nom Motto "Bléift doheem" goufen an der éischter Covid-Well an der Educatioun, mat hiren ronn 90.000 Schüler am ëffentlechen Enseignement fondamental a secondaire, d’Schoulen zougemaach an d’Léieren an d’Kannerzëmmer verluecht.

E richtegen Homeschooling war et awer am leschte Fréijoer sécher net an ass et bis haut och net wierklech. Engersäits waren tëscht den eenzele Schoulen, mä och tëscht de Familljen, d’informatesch Equipementsënnerscheeder ze grouss an anerersäits waren Enseignantë a Schüler net eenheetlech mam digitale Léiere vertraut. Doraus huet sech e pedagogesche Fléckenteppech erginn, deen, net zulescht duerch sozial Ongläichheeten tëscht de Schoulkanner, d’ënnerschiddlech Bildungschance verstäerkt huet.

Als klengt Land kanns de, wann s de wëlls, séier reagéieren a Neel mat Käpp maachen: 100.000 tablet-Computeren goufe bestallt a waren bis Chrëschtdag un 99% vun de Schüler verdeelt. Beim Léierpersonal war dat schonn iwwert de Summer de Fall, Zäit fir si also, sech mam neien Outil vertraut ze maachen. Dem klenge Land war et dëst Geld wäert: Esou konnten, éischtens, all d’Schüler, onofhängeg vun hirer sozialer Situatioun, iwwert de selwechte Léieroutil verfügen an, zweetens, d’Léierpersonal op des Homogenitéit vum "Outil informatique et pédagogique" bei hirer methodologescher Approche am Homeschooling bauen.

Leider goufen déi 100.000 Tablet-Computeren awer net zu Lëtzebuerg ugeschaaft, mä bei eisen däitschen Noperen, am Bundesland Bremen. Béid Länner hunn änlech vill Awunner, ënnerscheede sech awer am geschaafte Räichtum pro Joer a pro Kapp: 50.000 Euro am Bundesland Bremen a ronn dat duebelt, also 100.000 Euro, an eisem Grand-Duché.

Eng Handvoll blo Ministeren, déi ugangs erwäänten zwee Digitaliséierungsministeren, den Educatiounsminister, d’Familljeministesch an de Finanzminister, sollten des néideg Investitiounen an d’Zukunft vun eiser Jugend séier nohuelen, an esou eng koherent "digital-learning"-Strategie, es séier wéi méiglech a flächendeckend, operativ ëmsetzen.

Mat der Uschafung vun den Tablet-Computeren wier et nämlech net gedoen: Fir e maximalen léiertechneschen "return on invest" vum Material ass zousätzlech eng nohalteg a pedagogesch Ëmsetzung um Terrain noutwendeg. Zum Beispill an alle Fächer digital notzbar "supports de cours", eng strukturéiert, pass genau an obligatoresch Formatiounsoffer fir d’Léierpersonal a verstäerkten Helpdesk-Ekippen, esouwuel national, wéi och lokal an de jeeweilege Schoulen.

Nom Motto "All Kris ass och eng Chance", kéint esou iwwert des Pandemie eraus en differenzéierten, qualifizéierten a pedagogesch sënnvollen Asaz vun digitalem Léiermaterial d’Léieren am 21. Joerhonnert och zu Lëtzebuerg alauden. Dëst d'Kéier awer an all Schoul a fir all Schüler, egal aus wéinegem sozialen Milieu, deemno och fir méi Chancëgläichheet.