Lescht Joer ëm dës Zäit ongeféier muss sech den éischte Resident mat Corona infizéiert hunn. Offiziell ass dëse Fall dunn den éischte Mäerz an engem Presse-Communiqué vun der Regierung bestätegt ginn. Zanterhier huet sech d'Welt, eist Land, eist Liewen, fir Jonk an Al verännert. De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen. Gléckwonsch fir eist Gebuertsdagskand, de Covid-19.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Happy Birthday Corona! Zanter deem, dass et Dech gëtt, hues du eist Liewe massiivst op Kopp geheit. Iwwer 100 Millioune Fäll op der ganzer Welt mat iwwer 2 Milliounen Doudesfäll hues du ausgeléist. Hei am Land hues du bis elo iwwer 50.000 Infektiounen a méi ewéi 574 Doudeger hannert dir gelooss. Et si bis haut weltwäit méi Leit un dir zu Gronn gaangen, wéi am Vietnam-Krich leie bliwwe sinn.

Du hues eis Ae wéi Ginsen-Schecke opgemaach fir eis, absënns,  ze weisen, wéi fragil eise Wuesstem ass, wéi wichteg e State of the Art Dateschutz an Digitalisatioun ass, wéi ofhängeg mir vun eisen Nopeschlänner sinn, wéi schwaach mir am Ëmgang mat eisen eeleren a jonke Matbierger sinn, wéi knapp mer mat Äntwerten op ethesch a mënscherechtlech Froe sinn, a besonnesch wéi liewenswichteg sozial Kontakter sinn.

Alles dat hu mir dir ze verdanken.

Zanter engem Joer probéiere mer, dech ënner Kontroll ze kréien, mol wëlle mer et mat enger „Flatten the curve“-Approche duerno mat engem „Wellenbriecher“,  fir Zuel un Neiinfektioune vun dir erofzesetzen.

Elo awer bass du mutéiert. Alles, wat bis elo richteg war, fir dech an de Greff ze kréien, geet elo villäicht net méi duer. Kee ka mat absolutter Sécherheet soen, ob all deng Mutanten, déi nach méi infektiéis solle sinn, duerch d’Impfungen ofgedeckt sinn.

Als Konsequenz huet dëst, dass eis perséinlech Fräiheeten an déi vun der Beruffsausübung nach massiivst ageschränkt bleiwen oder nach méi ageschränkt ginn.

Dat schlëmmst ass awer, dass du eis eis Perspektiv geholl hues, fir elo zäitno aus dëse restriktiven an aschränkenden Zäiten erauszekommen. Du hues eis ëm d'Dividend, de Benefice, vun eiser Discipline, vun eisen Entbierunge vun de leschte Méint a Woche bedrunn, wou mer et fäerdeg bruecht hunn, däin Inzidenztaux an de Greff ze kréien.

Mir krute wéinst denge Mutanten eis Fräiheeten net zeréck.

Mir brauchen awer eng Perspektiv. All eenzele Mënsch brauch eng Perspektiv, fir sech an dësen Zäiten iwwer Waasser ze halen. Dofir muss méiglecherweis e Strategiewiessel stattfannen, dee sech net eleng un der Beleeung vun Intensivbetter orientéiert, awer och un eiser gudder Discipline, fir dass mer als Bierger nees an de Genoss vum Dividende vun dëser kommen, nämlech eise perséinlechen a gesellschaftlech Fräiheeten zeréckkréien.

An dësem Sënn Corona wënsche mir dir nëmmen net dat Bescht an eis all eis perséinlech a gesellschaftlech Grond-Fräiheeten zeréck.