Well Aarmut an Inegalitéiten zu Lëtzebuerg mat der Kris weider klammen, si Moossnamen, déi d’Kafkraaft vun de Leit ofsécheren, néideg. Dat, wat bis elo geschitt ass an ugekënnegt gouf, ass nëmmen eng Drëps op e waarme Steen. Vill bleift do nach ze maachen, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé

A menger leschter Carte Blanche hat ech drop higewisen, datt Aarmut an Inegalitéite weider klammen an datt d’Kafkraaft vun de Leit misst ofgeséchert ginn.

Lo huet d’Regierung zum éischte Januar dëst Joer de Mindestloun an de Revis ëm 2,8%, souwéi d’Allocation de vie chère ëm 10% erhéicht. A se huet dës Woch ugekënnegt, datt d’Kannergeld vum 1. Januar 2022 un erëm klamme soll. Dann ass jo alles an der Rei, oder net?

D‘Erhéijung vum Mindestloun a vum Revis war just eng Upassung un d’Entwécklung vun de Gehälter, also en Nohuele vun engem Retard. Awer nach ëmmer geet de Mindestloun net duer, fir anstänneg zu Lëtzebuerg ze liewen, an nach ëmmer geet de Revis fir eng Partie Bezéier net duer, fir aus der Aarmut raus ze kommen.

An d’Allocation de vie chère réischt: si ass säit 2009 onverännert gewiescht, obschonn d’Medianakommes an där Zäit ëm ronn 15% geklommen ass! Also gläicht déi Erhéijung vun 10% dat bäi Wäitem net aus. Si war dann ausnamsweis fir 2020 wéinst der Kris verduebelt ginn. Do muss ee jo dann awer froen, ob d’Kris lo 2021 schonn eriwwer ass? 2020 ass d’Zuel vun de Leit, déi se kritt hunn am Verglach zu 2019 ëm 12% eropgaangen!

An da gëtt et héich Zäit, datt sech beim Kannergeld eppes deet! Dat war säit 2006 praktesch onverännert, an trotz engem Ofkommes mat de Gewerkschaften am Joer 2014, datt et rëm sollt reegelméisseg un d’Deirecht ugepasst ginn, ass nach ëmmer näischt geschitt. De Koalitiounsvertrag gesäit eng Upassung zum Enn vun der Legislaturperiod vir. Do ass et jo dann ee Fortschrëtt, wann dat lo soll zwee Joer méi fréi sinn. Mee firwat bis 2022 waarden? 2006 war d’Afréieren bannescht engem Mount zum Gesetz ginn an ëmgesat, da kéint een och lo méi séier agéieren.

An dann ass nëmme vun enger reegelméisseger Upassung un d’Deirecht d’Rieds, mee wat ass mat enger Erhéijung? Wat ass mat dem Ophuele vum Verloscht säit 2006, no Berechnunge méi wéi 20%?

Also och hei ass net alles Gold, wat glänzt. Vill Zäit an Intelligenz verbréngt d’Regierung awer domat, fir eng weider Kéier de Frontalieren eppes vir ze enthalen a riskéiert, rëm eng Kéier vum europäesche Geriichtshaff verurteelt ze ginn. Dobäi si mer grad gewuer ginn, wéi wichteg d’Frontaliere fir eis sinn, an datt et besser wier, se net virun de Kapp ze stoussen!

All dat do an net manner sollt eis eis Zukunft wäert sinn!