Dacks héiere mer, dass een déi aktuell Kris notze soll, fir Verbesserungen un eisem net ganz nohaltege Wirtschaftsmodell no vir ze bréngen a wa méiglech ze beschleunegen.

Ma sti mir ons dobäi net heiansdo selwer am Wee? Dat freet de René Winkin a senger Carte blanche vun haut.

Et gëtt behaapt, dass d’Kombinatioun vu reduzéierter Wirtschaftsleeschtung, fragiliséierten Akommessituatiounen a fundamentalen Aschränkungen duerch d’Pandemiegesetzer alles bëssen entschleunege géifen.

Op den 1. Bléck maach dat jo sou wierken, ma hannert de Kulissen ass eng Entwécklung lassgetrëppelt ginn, déi grad elo méi séier a méi hefteg kënnt wéi zu normalen Zäiten. Et ass een zum gréissten Deel scho bestoende Strukturwandel, dee Faart opgeholl huet. Den Trend hin zu méi Digitaliséierung ass wuel déi bekanntste Facette dovunner.

Net nëmme bei eis am Privaten, ma och an der Welt vun de Betriber gëtt et vill nei Momenter. Et gëtt anescht geschafft, Liwwerketten an B2B-Déngschtleeschtungen sinn deels nei definéiert, verschidde Produkter verkafe sech wéi geckeg, anerer bekuckt kee méi.

Fir den neie Viraussetzunge gerecht ze ginn, geet et dacks net duer, fir hei bësse méi an do bësse manner oder anescht ze produzéieren. Méi heefeg wéi soss mussen d’Betriber hir Strukturen upassen, Ales fale loossen, Neies entwéckelen, fir sech domat fit fir eng nei an dann och méi nohalteg Zukunft ze maachen.

Een Deel vun de méi grondleeënden Upassungen ginn och vum europäesche Green deal agefuerdert.

De wirtschaftlechen, generationellen a reglementareschen Drock, fir aus deem Ale rausklammen an nei Weeër anzeschloen, ass kloer do. Ma wéi begéint eis Gesellschaft deem Drock vum Strukturwandel?

Leider Gottes mat enger gewësser Portioun Konservatismus an enger ganzer Partie Barrièren, déi bewosst oder onbewosst opgeriicht goufen. Well de Strukturwandel, dee muss a ville Fäll mol d'éischt geneemegt ginn, soss bleift en op der Plaz stoen.

Mäi perséinleche Favorit an deem Kontext a konservativ par définition ass d’Verwaltung vun de Sites ee Monuments. Net fir eppes géint Schütze vun erhalenswäerte Gebaier ze soen, au contraire, ma di dacks willkürlech, imprevisibel an desorganiséiert Virgoensweis an deem Beräich huet sech zu enger reegelrechter Plo entwéckelt, déi ëmmer méi dacks der noutwendeger Erneierung am Wee steet, amplaz se konstruktiv ze begleeden an déi dobäi niewelaanscht och mol vill perséinleche Misär schaaft.

De generelle Problem vu laangen an deels komplizéierte Prozeduren, déi nei Investitiounen leider ze vill ofbremsen, ass an der Tëschenzäit och landbekannt. Den OAI huet viru kuerzem ee grousse Pouster -recto/verso – rausginn, wou nëmmen ee klengen Deel vun deem administrativen Irgaart schematesch duergestallt ass. No engem Bléck dorobber kritt ee bal Matleed mat all de Leit, déi dagan, dagaus nei Projete mussen do derduerch bréngen

Ee Wuert nach zum sozialen Aspekt. D’Verschwanne vun alen Aarbechtsplazen, déi där méi séierer Transformatioun zum Affer falen, gëtt net oder nëmme schwéier akzeptéiert, wann d’Leit keng nei gläichwäerteg Beschäftegungsperspektive gesinn a wa si net op de Sprong eriwwer op déi nei Plaze preparéiert ginn.

Dofir ass et, nieft den Investissementer an neien Aktivitéiten, och extrem wichteg, eng qualitativ héichwäerteg Weiderbildung ze hunn, déi sech un den technologiegedriwwene Bedürfnisser vum Aarbechtsmaart orientéiert.

Si ass och wichteg fir ze verhënneren, dass d’Feele vu qualifizéierten Aarbechtskräften zur villäicht gréisster Barrière vum Strukturwandel gëtt.

Den Drock op ons bestoend Strukturen ass grouss. Vill muss ëmgekrempelt ginn. Bestoend Barrière mussen aus dem Wee geraumt oder intelligent organiséiert ginn, fir dass de Strukturwandel, inklusiv sengem zousätzlechen Impuls duerch d’Kris, ka positiv ëmgesat ginn.