Sträit a Konflikt gehéieren zu enger Demokratie. Dat kléngt gutt. Mee dat ass net sou einfach. Firwat Sträit awer gutt ass a wéi ee gutt ka streiden, dozou e puer Iwwerleeungen vum Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

D'Carte Blanche vum Michèle Schilt

"Sidd der scho rëm am Gaang mat streiden?" - dat ass e Saz, deen a Familljen nawell fält, an Zäite vun Homeschooling sécher méi wéi manner dacks. Kanner gerode wéinst iergendeppes uneneen...meeschtens dauert et awer net laang an da gëtt sech verdroen... bis den nächste Sträit.

D'Zahnpastatüb an d'Tripartite

Och Erwuessener streiden. Doheem an op der Place publique. Doheem streit ee vläicht wéinst vermeintlechen Dommheeten. Dat kann z.B. - klassesch – déi oppen Zahnpastatüb sinn. Ech soe “vermeintlech”, well et nämlech just op den éischte Bléck ëm eng Dommheet geet. Rationell gekuckt, ass eng verdréchent Zahnpastatüb jo kee Weltënnergang. Datt se awer zum Objet vu Sträit ka ginn, läit dorun, datt eppes méi ënnendrënner läit: an deem Fall eventuell d’Gefill, datt ee sech net seriö geholl fillt, well deen aneren net nolauschtert, an dat blesséiert een a kann ee rose maachen.

Beim Sträit op der Place publique geet et ëm aner Saachen. Do geet et ëm d'Ausernanersetzung tëscht verschidden Acteure mat ënnerschiddlechen Intressien an Iddien. Lëtzebuerg huet eng zimmlech eenzegaarteg Aart a Weis, fir mat sou Sträit ëmzegoen - Stéchwuert Tripartite. Staat, Gewerkschaften a Patronat sëtze sech un en Dësch a probéieren zu enger Eenegung ze kommen. Ënner anerem dofir gëtt Lëtzebuerg dacks als Konsensgesellschaft duergestallt. Mee virun all Konsens steet de Sträit.

Streide léieren - de Ball spillen, nolauschteren, aushalen

An et gëtt och Sträit, deen een net geléist kritt. Wann d'Meenungen esou géigesätzlech sinn oder fir déi eng oder aner Partie sou abstrus, datt een einfach net op een Nenner kënnt. Dat heescht awer net, datt de Sträit net awer fir eppes gutt ass. Et muss ee just domat ëmgoe kënnen.

Eng Reegel, déi dobäi kann hëllefen ass: “De Ball spillen, net de Mann*d’Fra!”. D.h. probéieren z’ënnerscheeden tëscht deem, wat de Géigeniwwer seet oder mécht an dem Géigeniwwer selwer. Haltungen a Meenunge kann, soll oder muss een ofleenen, mee net de Mënsch hannendrun.

Eng aner Reegel ass: Nolauschteren. Dat setzt viraus, datt een deem anere vertraut. Datt et net drëms geet, deen anere mordicus z’iwwerzeegen, mee datt et ëm en Austausch geet, wou een deem aneren och nolauschtere wëll.

A schliisslech: Aushale kënnen, datt een heiansdo zu kengem Resultat kënnt an awer de Kontakt hält. Dat nennt ee Konfliktfäegkeet. Dat ass ganz schwéier an dat muss een üben.

Kanner a Jonker kënnen dat doheem an an der Schoul üben. Erwuessener och do, wou se grad stinn. An obwuel Sträit dacks net agreabel ass, egal ob doheem oder op der Place publique, Sträit ass wichteg, well soulaang ee streit, schwätzt ee mateneen an dat ass besser, wéi niefteneen ze liewen a sech näischt méi ze soen ze hunn.