4 Joer no menger éischter Carte Blanche zum Thema Weltkannerkriibsdag froen ech mech, ob eppes geschitt ass, ob mir viru komm sinn?

Jo, zu Lëtzebuerg gëtt et elo e funktionelle Kannerkriibszentrum, deen de Famillen erlaabt, net grad esou dacks méi mussen an d'Ausland ze reesen. Awer wat bleift, sinn nach ëmmer déi schrecklech Medikamenter an Traitementer – se heelen zwar 80% vun de Kanner op 5 Joer gekuckt, mee dacks zu engem deieren Präis. Well vum Kriibs geheelt, heescht net gläich onbeschiedegt dervu komm.

A wat hëllefen mir 80%, wa mäi Kand an den 20% läit. All Joer stierwen nach ëmmer 6.000 Kanner an Europa u Kannerkriibs. Déi Zuel seet elo kengem wierklech eppes, mee ech maachen elo e krasse Verglach: Dat wier, wéi wann all Joer 120 Reesbusser voller Kanner riicht an eng Mauer géinge rennen a se wieren all dout. Onvirstellbar... Dat sinn 10 Reesbusser de Mount... Méi wéi 2 Busser pro Woch. Einfach net denkbar.

Do misst dach méi fir all déi Kanner gemaach ginn, denkt ee sech, an dat geet et och, mee et dauert dacks ze laang. Kuckt de Covid: 1 Joer nom Ausbroch vun der Pandemie fänke mir u mat impfen – dat ass immens. Dat huet vill Grënn, mee ee vun deenen ass sécherlech awer och déi enorm Zommen, déi an e puer Méint, zu Recht, an d'Fuerschung gestach goufen.

Et brauch een och politesche Wëllen. An hei di sech och nach ewell e puer Saachen. Un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun steet d'Ursula von der Leyen, dei kierzlech an hirer Ried, fir de groussen europäesche Kriibsplang unzekënnegen, eppes ganz Privates präisginn huet. Si zielt, wéi si als 15 Joer aalt Meedchen erlieft huet, wéi hir jonk Schwëster u Kriibs erkrankt an och gestuerwen ass.

Et geet an deem Kriibsplang ëm Preventioun, Traitementer, Fuerschung an Nosuerg. Nosuerg war vill ze laang keen Thema a vläicht ass et haut jo och eng Prioritéit wéinst der EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides, déi selwer 3 Mol Kriibs hat an also genee weess, wéi den Hues leeft. Erfrëschend gutt, wa Betraffener selwer uewen un enger Spëtzt stinn an Entscheedungen huelen, déi Dausenden a Millioune Mënschen hëllefe kënnen.

Ech verhalen heimat just, datt et e Wäert huet, sech z'engagéieren an ze kämpfen, och wann et laang dauert, bis eppes un d'Rulle kënnt. Mir bleiwen um Ball!

Carte blanche vum Anne Goeres