Deen Dag ass vun der Unesco am Joer 2000 an d’Liewe geruff ginn, fir op d’Wichtegkeet vun der sproochlecher an der kultureller Diversitéit opmierksam ze maachen an d’Méisproochegkeet ze fërderen.

De Soziolog Fernand Fehlen huet eng ganz perséinlech Bezéiung zu deem Dag.
Am Joer 2009 ass dëse Weltdag fir d’éischt richteg an der Ëffentlechkeet ukomm. A well Lëtzebuergesch vun der UNESCO ënnert déi bedrote Sproochen agestuuft gouf, ass eng grouss Diskussioun am Land ugaangen. Zoufälleg sinn deemools e puer soziolinguistesch Studien, déi ech un der Uni geleet hat, publizéiert ginn. Si hunn ënnert anerem nogewisen, dat d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer kuerzer Geschicht nach ni esou vill Spriecher hat an datt nach ni esouvill Leit se als Zweetsprooch geléiert hunn. Dofir stoung ech deemools an éischter Linn fir ze erklären, wat genee mat där Astufung gemengt wär an datt si a Wierklechkeet eng Bonne Note fir eis Sprooch an eis Méisproochegkeet géif duerstellen.

D’Polemik war besonnesch hefteg, well 2009 och e Waljoer war an divers Politiker*inne probéiert hunn, Sprooch an Identitéit zu engem vun den Haapttheme vum Walkampf ze maachen. Do war d’UNESCO Astufung natierlech Waasser op hir Millen, mee huet hinnen awer net déi erhoffte Stëmmen abruecht.

Eng Dose Joer méi spéit ass Lëtzebuergesch nach ëmmer net ausgestuerwen an et däerf ee gespaant sinn op de Recensement, deen elo op Juni verréckelt ginn ass. Et ass eréischt déi zweete Kéier, dat de STATEC Froen iwwer de Sproochgebrauch stellt, esou datt mer elo präzis an exhaustiv Zuelen iwwer d’Evolutioun an deene leschten zéng Joer kréie wäerten.

An der konkreter Sproochepolitik, besonnesch och an deem, wat ee Corpus planning nennt – dat heescht dem Schaffen un der Sprooch selwer–, si grouss Progrèse gemaach ginn. Ech denken un den Lëtzebuerger Online dictionnaire an iwwerhaapt un d’Aarbecht vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ...

An der Bildungspolitik traut d’Regierung sech iewel net u Reformen, obscho jidderee weess, datt d’Sproochenufuerderungen an d’Aart a Weis, wéi déi dräi Landessproochen am Fondamental enseignéiert ginn, all Schoulkanner iwwerfuerderen. Besonnesch déi, déi Lëtzebuergesch net als éischt Familljesprooch hunn an dëst ass an Tëschenzäit d’Majoritéit.