A senger Carte Blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, haut mat deenen an der Politik, déi virginn, de Monopol op Anstand, Wourecht a Moral ze hunn.

Openlux a Semedo -  zwou ganz verschidde Geschichten, woubäi an deenen zwee Fäll d’Europaparlament eng zentral Roll spillt.

Ech erkläre mech: Dat, wat d’Monica Semedo gemaach huet, ass direkt am Europaparlament selwer geschitt, och wa kee weess, wat dann iwwerhaapt lass war an zu de Sanktioune géingt déi Lëtzebuerger Ex-DP-Politikerin gefouert huet. Droleg eigentlech: Et gëtt iwwer ominéis grave Faite geschwat, geschriwwen a gemunkelt a kee weess, ëm wat et richteg geet a wie wat wéini gemaach huet a wosst, wat geschitt ass. Nu jee...

Elo zu Openlux – dem xte Versuch also, Lëtzebuerg international un de Pranger ze stellen.

Kuerz virun der Publikatioun vun Openlux ass den 21. Januar dëst Joer am Europaparlament eng Stellungnam ugeholl ginn, an där Lëtzebuerg als Steierparadäis betitelt gëtt.

D'Deputéiert Semedo, Goerens, Lima an Hansen hu géingt dëse Pabeier gestëmmt. Metz an Angel sote jo an hunn esouguer ausdrécklech dropgehalen, datt Lëtzebuerg am Text genannt gëtt.

Boufdeg! Vertrieder vun eisem Land am EU-Parlament fale Lëtzebuerg an de Réck. Besser nach, si si Member vun deene Parteien, déi hei am Land d'Regierung stellen. An déi gëtt net midd, eise Finanzsecteur ze verdeedegen an ze promouvéieren.

Wéi kann dat sinn? Wat soll dëst Duebelspill? Wéi kann een einfach esou den Anti-Lëtzebuerg-Populismus am Europaparlament verdeedegen? Well een nëmmen de schéine Männchen oder Fräche maachen an Europa? Oder si Gréng a Sozialisten effektiv der Meenung, Lëtzebuerg wier eng vun de wichtegste Steieroasen an der Welt. Dat steet nämlech esou expressis verbis am Pabeier, dee Metz an Angel matgestëmmt hunn.

Dëst ass eng richteg peinlech Affär, déi am Fong misst op de Leescht geholl ginn.

Mä et ginn ebe Politiker a Parteien, déi ëmmer erëm op där enger Plaz dat eent, op enger anerer dat anert soen an deemno handelen.

Deen ee klëmmt iwwer den Drot a blockéiert en Nato-Flughafen, de Parteikolleeg sëtzt mat senge Bündnisfrënn als Verdeedegungsminister an enger Sëtzung a bekennt sech zur Militärkooperatioun.

Top! An da gëtt sech bei aneren iwwer mangelnd Konsequenz beschwéiert, Transparenz gefuerdert a sech permanent esou beholl, wéi wann een de Monopol op Anstand, Wourecht a Moral hätt.