A senger Carte Blanche mengt den Dokter Paul Rauchs, dass d'Impfung de sécherste Wee ass, fir de Covid lasszeginn.

Viru kuerzem hunn eis Deputéiert endlech a mat Recht decidéiert, datt d'Euthanasie en natierlechen Doud ass. Mä ass e mënschlechen Doud net ëmmer iergendwéi natierlech, wat nach laang net heescht, dass en och banal ass?

D'physikalescht Gesetz vun der Entropie léiert eis, dass all Organisatioun no der Desorganisatioun stréilt. Mä de Mënsch ass awer net nëmmen en natierlecht Déier, hien ass och e kulturellt Wiesen. An esou ass d'Mort naturelle och ëmmer e Fait culturel. D'Stierwe fir d'éischt, an dono d'Begriefnis mat allem Ronderëm, si Ritualer, déi eisem Liewen en Ausruffzeeche sëtzen, an dem Doudege posthum d'Geleeënheet ginn, säi Liewen ze interpretéieren an ëm en existenziellen, philosopheschen oder reliéise Sënn ze ginn.

A Covidzäite zéien dës Ritualer de Kierzeren. D'Statistik vun den Infektiounen an Doudesfäll ass de Bam hanner deem de Bësch vum Doud sech verstoppt. "Mais où sont les enterrements d'antan" huet de Brassens fréier schonns gesongen. D'Mesures de protection an d'Distanciation sociale verbidden eis haut, dem Verstuerwene physesch a psychesch Äddi ze soen. Paradoxerweis ass de Coviddoud also eng "mort subite", am Sënn vum Pascal, fir deen eng Mort subite en Doud ouni Abschid ass.

Mä wa mer dem Doud de Sënn klauen, da gi mer deen op aner Plaze sichen, zum Beispill bei d'Verschwierungstheorien, well do krit op eemol alles e Sënn an och eng Äntwert: do gëtt et da keen Zoufall méi, an alles kritt eng Bedeitung, déi normalerweis zimmlech onheemlech ass. Iwwer d'Hallschent vun de Fransouse wëllt sech dofir net impfe loossen, well de Bill Gates sech anscheinend dodru beräichert. Zu Lëtzebuerg, Gottseidank, sinn déi meeschte Leit bereet d'Impfung ze kréien. Verschiddener kënnen et souguer net erwaarden, wéi zum Beispill déi 3 Administrateure vun den Hôpitaux Robert Schumann, déi sech, fräi nom 100,7, anscheinend virgedréckt hunn. Op der anerer Säit awer mussen d'Dokteren, déi Vaccin verschreiwen, deen d'Autoritéiten hinnen diktéieren. Wou bleift do d'Liberté de prescription, ëmmerhin e Grondpilier vun eisem Gesondheetssystem?

Mä déi, déi net séier genuch bäikommen, solle sech tréischten: hinne bleiwen d'Antidepresseuren. No de leschte Nouvellen, soll de Prozac nämlech géint déi uergst Forme vu Covid schützen.

Carte Blanche vum Paul Rauchs