„Kyrie eleison“ ass Algriichesch an heescht „Gott erbaarm dech eiser“. Esou heescht och dem Paul Hammelmann seng Carte Blanche, e verzweiwelten Tëscheruff an der Impfcampagne, e Wénk un d’Inkompetenz vun den EU-Instanzen, op Retarde bei de Liwwerungen an op juristesch Excusen, déi eigentlech keng sinn.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Am 1. Joer "Droit" hu mir erzielt kritt, datt een als Keefer ni soll e Vertrag ënnerschreiwe mat enger Liwwerung "esou séier wéi méiglech"; dat gesäit zwar gutt aus, ass awer juristesch kéng 5 Su wäert.

Genau dat hunn eis Helde vun der EU-Kommissioun awer ronn kritt am Kontext vun der – och nach vill ze spéider – Bestellung vun de liewenswichtege Vaccinen.

An dann hu si och nach Süffisanz, fir déi Kontrakter geheim ze halen oder se – op Drock vum Parlament – geschwäerzt ze verëffentlechen.

Als Excuse ginn ënner anerem Problemer vu Produkthaftung ugefouert, dobäi huet scho 1985 eng europäesch Direktive déi Responsabilitéit gekläert, esouguer mat engem spezifesche Regime fir den "Risque de développement", dh de Risiko bei nei entwéckelte Medikamenter [1].

Entretemps waarde mir a schwätzen vum "Liicht um Enn vum Tunnel", vum "Enn vum Marathon" an hunn nach ëmmer keng konkret Zousoen, wéini, wat, wou vu Vaccine soll geliwwert ginn.

Staatsgeheimnis oder einfach Inkompetenz vum Fabrikant?

Entretemps stierwen all Dag an Europa souvill Mënsche wéi beim Crash vun 7 Jumbo-Jetten!

Dat konnt ee sech an de kéngsten Dreem net virstellen: eng weltwäit verbreeten, déidlech Krankheet huet de Globus erfaasst, medezinesch Versuergung ass a ville Länner zesummegebrach, Triage ass ugesot, essentiell Fräiheete ginn seriö ageschränkt, Wirtschaft gëtt mat Milliarden ënnerstëtzt an eng Rei Pharmafirmen decidéieren, wéini wie mat wat beliwwert gëtt, als Erléisung vun dëser Katastroph.

A bis ewell huet nach kee Politiker mat Nodrock gefuerdert, dëse Vaccin ze requisitionéieren oder wéinstens de Patentschutz opzehiewen an aner Produzenten – all Produzenten – a staatlech Instanze mat der Masseproduktioun ze beoptragen.

Firwat net BioNTech a Konsorten aus Europa – déi jo souwisou hir Recherche mat ëffentleche Gelder finanzéiert kruten – obligéieren, d'Patent fräi ze ginn an aner Produktiounsketten, wéi Sanofi a Frankräich, BASF oder Bayer an Däitschland forcéieren, hir Produktioun prioritär op de Vaccin ëmzestellen?

Firwat gëtt net, wéinstens europawäit gefuerdert de Vaccin als "Bien public", als "globales öffentliches Gut" ze deklaréieren, de Patentschutz wéinstens temporär auszesetzen an domat de Vaccin a realisteschen Delaien accessibel fir Memberstaaten an erschwénglech fir Drëttstaaten ze maachen?

D'Äntwert läit leider op der Hand: de "Return on invest", de Maart dee sech selwer reegelt, den neoliberale Credo, vun deem ee gehofft hat, mat der grausamer Pandemie wier et domat eriwwer, bleift eisen Dogma trotz honnertdausenden Doudeger an onermoosslechem wirtschaftleche Schued.

An d'Politik huet ganz einfach demissionéiert.