An hirer Carte Blanche setzt sech d'Astrid Lulling mat engem Interview vun der groussherzoglecher Koppel am Paris-Match auserneen a domadder, wat et fir Wellen zu Lëtzebuerg geschloen huet.

Carte blanche vun der Astrid Lulling

Ech hunn deen Zodi an eise Medien net richteg begraff, deen em den Interview vun eisem Staatschef a senger Fra am Paris-Match vum 16. Februar opgefouert gouf. Iwwregens hu se jo net nëmmen zu Paräis awer och zu Lëtzebuerg am Télécran vum 13. Februar 2021 en Exklusiv-Interview zu hirem 40. Hochzäitsdag ginn, deen deem am Paris-Match gläicht wéi eng Drëps Waasser där anerer.

Ech war als Deputéiert de 14. Februar 1981 op déi Hochzäit invitéiert. Mir waren als Membere vun der Chamber an der Hochzäitsmass an der Kathedral an duerno op enger Receptioun an der Chamber. Deemools war no baussen alles an der Rei, obscho gewosst war, dass dem Henri seng Elteren a besonnesch seng Mamm sech eng aner Schnauer gewëscht hätten.

Koppelen aus eisem Vollek, déi esouguer hir Diamantenhochzäit feieren, si vill méi diskret iwwert hiert Zesummeliewen. Vun eisen aristokratesche Staatscheffe ware mer dat fréier och gewinnt. Dass dat beim jëtzege Staatschef a senger Fra anescht ass, huelen ech zur Kenntnis. Fréier hu mer op esou eppes mat dem franséische Spréchwuert “à chacun son vilain goût” reagéiert a sinn dann zur Dagesuerdnung iwwergaangen. Dat wollt ech och, bis ech an deem Interview déi folgend Ausso gelies hunn: “Alors que le Luxembourg se veut exemplaire en matière d’égalité entre hommes et femmes, il y a sans doute une forme de misogyne à vouloir effacer l’épouse du grand-duc”.

Et gëtt vill Fraen zu Lëtzebuerg, déi mat engem Mann bestuet sinn, dee berufflech vill Verantwortung op héijem Niveau huet, deenen et awer net géing afalen, sech diskriminéiert virzekommen, well se sech an Decisioune vun hirem Mann a sengem Beruff net amësche kann. Et gouf och bei eis bestuete Fraen op héije Posten, besonnesch an der Politik, deenen hir Männer sech net ëffentlech beklot hunn, well si bei den Decisioune vun hire Fraen effacéiert waren. Déi Meescht sinn zwar haut gescheet, sécher net, well hir Männer offiziell bei hiren Decisiounen effacéiert waren, villäicht well se och am Stot näischt ze soen haten.

Den Här Waringo, dee jo mat Recht gefeiert gouf fir säi Bericht, fänkt u mer Leed ze doen, well en elo erliewe muss, dass sech an de Käpp am Palais näischt geännert huet an dofir weider gehandelt gëtt wéi virdrun, wat dann och nach vun der Hofmarschallin an dem Premierminister bestätegt gëtt ma der Ausso, si hätte sech net fir een Interview mam

Paris-Match ausgeschwat. Si goufe jo awer net gefrot, net emol informéiert. Mer hu leider oder Gott sei Dank de Moment aner Problemer zu Lëtzebuerg, ëm déi eis Politiker sech këmmere sollten.