Kapitalistesch Wirtschafte beweege sech duerch Zyklen a Rezessioune sinn do ganz normal Phasen, an deene staark Entreprisë kënnen expandéieren a schwaach Entreprisë verschwannen.

Carte Blanche vum Dr Yves Wagner

Den Ekonomist Joseph Schumpeter huet 1942 vu “kreativer Zerstéierung” geschwat, wou Krisen a Rezessiounen et erlaben, dass al, ineffikass Produktiounsmethoden a Produkter duerch nei Methoden an nei Produkter ersat ginn. Krisen a kreativ Zerstéierung bedeiten also, dass Innovatiounen ënnerwee sinn, déi eist Liewen an Zukunft, wann d’Rezessioun eriwwer ass, méi schéin a méi einfach maachen.

Dat, du moins, ass d’Theorie. Eng Theorie, déi an der Realitéit och deelweis novollzéibar ass, sou wéi déi grouss Krisen et iwwer déi lescht Joerzéngte bewisen hunn.

Mä et kann ee sech haut d’Fro stellen, op d’Rezessioun vun 2020 och eng kreativ Zerstéierung war, wou dës Rezessioun net duerch makroekonomesch Zykle bedéngt war, mä vu Regierungen artifiziell provozéiert ginn ass. Haut, wou Regierunge geziilt verschidde Secteure vun der Ekonomie zoumaachen an domadder anerer favoriséieren, kann een net vu kreativer Zerstéierung schwätzen, déi duerch normale Kapitalismus entsteet. Et kéint een éischter vun eventuelle Kreatioune schwätzen, déi duerch ëffentlech Hand imposéiert ginn. Dat ass kee Kapitalismus, wéi mer en eis an enger Demokratie virstellen.

Geziilt schéngt eng virtuell Realitéit ausgebaut ze ginn, geziilt schéngen all Aktivitéiten, déi soziaalt Zesummeliewe beinhalten, zerstéiert ze ginn. Virtuell kann een anscheinend ganz gutt akafen, Filmer kucken, jo souguer reesen, ouni vun doheem fortzegoen, ouni iergendwellech sozial Kontakter ze hunn. Schaffen am Teletravail funktionéiert jo och ganz gutt, virun allem an deene Beräicher, déi ee wëllt ausbauen.

Nee, dat ass bestëmmt net dat, wat de Schumpeter wollt soen. Hien duecht net, dass effizient Innovatioune solle vu Regierungen an aneren offiziellen Autoritéiten definéiert ginn.

Mir rutschen éischter, lues awer sécher, an e Régime d’Etat-providence oder souguer an e Régime d’Etat-gendarme, gewollt vu Politiker, déi net capabel waren, e liberale Staat ze dirigéieren an uerdentlech z’organiséieren.

Et däerf een natierlech bezweiwelen, dass wa se dat eent net konnten, dass se dann dat anert besser maache kënnen.