Lëtzebuerg zeechent sech duerch ee multilinguaalt a multikulturellt Ëmfeld aus, wat een esou staark prononcéiert kaum am Ausland fënnt. Wat d’Schouloffer ubelaangt, stellt een eng kloer Tendenz fest, den Defi vun dëser Heterogenitéit duerch international, europäesch oder privat Schoulstrukture mat sproochespezifesche Filièren ze léisen. Verpasse mir net grad eng immens Chance vun enger inklusiver nationaler Schouloffer? De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op de Sproochenunterrecht an.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

Eisen Atout war et bis haut, dass mir an eisem klenge Land Sprooche wéi Däitsch, Franséisch an Englesch op héijem Niveau geléiert hunn. Et ass ee Räichtum fir eis Schoulen, dass een do, op d'Lycéeë bezunn, an der Moyenne eng 50 verschidde Mammesprooche fënnt, déi doheem geschwat ginn. D'Schoulen am nationale Lëtzebuerger Schoulsystem sinn also all noutgedrongen an deem Sënn "international Schoulen". Dëse Räichtum huet awer och seng Schietsäiten: Reegelméisseg gëtt vun der Wëssenschaft drop higewisen, dass ze vill Schüler den héijen Ufuerderunge vun eisem Sproochenunterrecht net gewuess sinn, an esou och am Léiere vun anere Fächer net wäit genuch kommen.

Well si dësen ambitiéisen Ufuerderunge net gewuess sinn, si si zwee Regulatiounsmechanismen ausgesat: redoubléieren, oder an eng manner exigent Struktur, Enseignement général oder Preparatoire, auswäichen. Déi éischt Moossnam vum Redoublement gëtt scho laang a Studien als total ineffizient beluecht. Och déi zweet Mesure ass schlecht: Wéinst engem spezifeschen Defizit an enger Sprooch, gëtt een allgemeng zeréckgestuuft a kann och an anere Fächer net déi beschtméiglech Leeschtung bréngen.

Ee Kand, wat ee Joer redoubléiert, kascht de Staat ronn 45.000 Euro am Secondaire a 25.000 Euro am Fondamental. Dat ass vill Geld, wat ee besser hätt, an eng déifgräifend Reflexioun zu eisem Sproochenunterrecht ze stiechen.

Firwat huele mir dëse Problem net an Ugrëff? Mir kënnen dach op wäertvoll Schoulinitiaven zréckgräifen, mir hu Studie genuch, déi Weeër virzeechnen. Mir hu Léierinnen a Schoulmeeschter, Sproocheprofessorinnen a -Professeren, déi dagdeeglech mam Sproochendefi konfrontéiert sinn. Awer de Kader ass leider ze enk, fir effizient Léisungsweeër ze definéieren.

D'Äntwerte leien an der Didaktik vum Sproochenunterrecht selwer, an der Wichtegkeet vum Léiere vun der Sprooch am Kontext, an der Motivatioun, eng Friemsprooch ze léieren, well ee se a sengem Ëmfeld brauch, fir sech auszedrécken. An deem Sënn misst de Sproochenunterrecht vu Grond op, dat heescht vum Fondamental bis zum Premièresexamen nei opgebaut ginn. Et kéint een zum Beispill d'Sprooche mat ënnerschiddleche Schwéierpunkten a Niveauen ubidden. Kommt mir ginn eise Sproochenenseignanten a nationalen Aarbechtsgruppen emol eng gemeinsam Stëmm an definéieren esou mat hinnen zesummen een neie Kader!

Friemsprooche si weesentlech fir Bierger, déi iwwert d'Grenzen eraus zesummeschaffe wëllen. D'Äntwerten op dëse groussen Defi kënnen also net nëmmen am Auswäichen op ëmmer méi spezifesch sproochlech axéiert Curricula leien.