Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten. De Robert Weber mécht sech Gedanken iwwert den „Soziale Mindestloun“.

Carte Blanche vum Robert Weber

Wann ech mer op dëser Antenn elo Gedanken iwwert de Mindestloun maachen, esou weess ech, dass dat kee grousst populäert Thema ass. Awer wëssen eis Nolauschterer, dass de Mindestloun eis alleguerte betrëfft, och deen also, deen all Mount e villfacht vum Mindestloun verdéngt?

Ech erkläre mech.

Eise soziale Mindestloun gouf nom 2.Weltkrich, den 30.12.1944 agefouert. De Groussherzoglechen Arrêté seet: le salaire minimum visait à « permettre aux travailleurs de se procurer les articles de première nécessité et le logement nécessaire au maintien d’un niveau de vie suffisant. »

Déi Definitioun war nom 2.Weltkrich wichteg a gutt. Si steet och nach haut, 77 Joer méi spéit. Awer ass si och nach ëmmer richteg? Ech soen, entscheeden NEEN.

Och wann eise Mindestloun, de héchsten an der EU ass, esou ass de Mindestloun an alle Länner a senger Definitioun 77 Joer laang stoebliwwen. Eis Gesellschaften hu sech awer a 77 Joer grouss virun entwéckelt. Eise Mindestloun huet sech zréckentwéckelt. Et ass en Aarmutsloun ginn.

Zéngdausende vu Leit mussen all Mount bei eis mam Mindestloun liewen.

Eis Wuelstandsgesellschaft leescht sech Aarmut. Ech schumme mech dofir.

Wat wär ech houfreg, wa mir zu Lëtzebuerg déi sozial Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten duerch eng wierklech Sozialpolitik géingen ofschafen.

Mir kéinten ëm e villfacht e besseren „nation branding“ hunn ewéi mam gratis ëffentlechen Transport oder mam „Triple A“.

Awer eise soziale Mindestloun ass a bleift (leider) net existenzséchernd.

Et ass e Loun, deen net zum Liewen duergeet.

Wann ech elo soen, dat do betrëfft eis all, esou wëll ech drun erënneren, dass op der Basis vum soziale Mindestloun vill aner Parametere berechent ginn. Esouguer jiddwerengem seng Pensioun hänkt vum Mindestloun of. Esouguer seng Aarbechtslosen-Ënnerstëtzung. Et däerf eis also net egal sinn, dass eise Mindestloun en Aarmutsloun ass.

Wou sinn déi Parteien oder Politiker, déi sech fir eng Politik vum SOZIALEN asetzen?