A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Ex-Deputéierten, iwwert Akut a mëttlerweil 30 Joer Engagement géint Ëmweltkrankheeten a fir Ëmweltmedezin.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Mëtt dëses Joers feiert Akut, den onofhängegen Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie, säin 30. Gebuertsdag. 30 Joer am benevollen Asaz fir vill Leit, déi duerch Ëmweltbelaaschtungen, Wunngëfter, Amalgamm-Quecksëlwer oder Elektrosmog lues a lues krank gi sinn: Allergien oder Immunschied, neurologesch oder hormonell Stéierungen, MCS, Depressioune bis hin zu Kriibs, alles Krankheeten, déi en direkten oder indirekten Zesummenhang mat Ëmweltgëfter kënnen hunn.

D’Informatiouns-, Berodungs-, a Lobbyaktivitéite vun Akut hate vun Ufank un e puer Ziler:

1) E präventive Volet a Richtung vun de politesch Verantwortleche fir eng verstäerkten, och ëmweltbezunne Preventiounspolitik an d’Anhale vum Virsuerge-Prinzip, fir datt gesondheetsschiedlech Substanzen oder Produkter net op de Maart kommen.

2) En 2. Volet vun den Aktivitéite vun Akut louch a läit an der Gratisberodung vun Eenzelen, Veräiner oder Gemengen a Saache Wunngëfter a gesond Wunnen, Vermeidung vun Elektrosmog oder beim Eenzelen och a Saache verdréiglech Zänn-Materialien, a wann noutwendeg och de Verweis op di zoustänneg Instanzen. Bis elo goufen et scho ganz vill Eenzelfäll an all dëse Beräicher, mee mat ëmmer neie Chemikalien oder Pestiziden, zum Beispill de sougenannte „Perturbateurs endocriniens“ oder neie Mobilfunkfrequenzen, wéi de geplangte 5G, komme leider och nei Risiken op eis zou. Akut plädéiert dofir, bei all dësen neien Entwécklunge fir eng konsequent Ëmsetzung vum „Principe de précaution“.

3) Den 3. Pilier vun den Akut-Aktivitéite bezitt sech op déi diagnostesch an therapeutesch Betreiung vun den ëmweltkranke Leit. Zanter Laangem scho fuerdert Akut vun der Gesondheetspolitik d’Abezéiung vun enger wëssenschaftlecher, klinescher Ëmweltmedezin an d’universitär Medezinausbildung an ëmweltmedezinesch Weiderbildungsoffere fir interesséiert Dokteren an den Opbau vu stationäre Klinik-Unitéiten, am Interessi vu schwéierst-betraffenen ëmweltkranke Leit. Den neie Regierungsprogramm a Saache Gesondheetspolitik a Präventioun huet all dës Fuerderunge vun Akut iwwerholl. Grad am Joer vun eisem 30. Anniversaire hoffe mer, datt do elo sou zäitno wéi méiglech endlech Neel mat Käpp wäerte gemaach ginn. Akut jiddefalls ass konkreet a konstruktiv zanter Méint an offizielle Gespréicher iwwert esou eng ëmweltmedezinesch Entwécklung mat engagéiert.

Jean Huss

President vun Akut