Wéi soll d'Liewen no der Covid19-Pandemie ausgesinn? Denken ass net nëmmen en Deel vun der Léisung, mä och nach een, wann net den Ufank vun deem Prozess. Zum Joresdag vum Lockdown eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

E Joer ass et hier, datt d'Regierung den Etat de crise ausgeruff huet - de Lockdown feiert säin legale Gebuertsdag. Et weess een net, ob et e Kuch mat enger Käerz soll sinn, fir ze commemoréieren, wat alles verhënnert konnt ginn oder e battere Kichelchen mat 2,65 Milliounen Käerzen - symbolesch fir all deene Mënscheliewen ze gedenken, déi dës Sauerei vun Virus bis ewell ausgeblosen huet.

Katastroph wär do an d'Praxis hat Prioritéit! Wat richteg wär, fillt sech no engem Joer awer ëmmer méi wéi dem Orwell säin "1984" un. Zënter 365 Deeg fänken d'Noriichten mat Zuelen un,  transparenten demokrateschen Krisemanagement oder awer eng nei Zort Propaganda an/oder Brainwashing? Mir all spieren de Big Brother an déi panoptesch Dimensioun. Wien et manner dystopesch wëll hunn, dee soll der italienescher Schrëftstellerin Francesca Melandri hire Bréif aus der Zukunft nach emol liesen[1] . Gefillt kommen mer aus der Aktiounslogik vun den éischten Deeg jiddefalls net wierklech eraus.

An deem Sënn fillt sech déi aktuell Covid-Politik och méi un wéi déi biblesch Praxis vun der "Vertröstung auf das Jenseits". An enger Salami-Taktik ginn am 4 bis 6 Wochentakt Lockerungen versprach  - heiheem wéi dobaussen. Lockerungen, déi weder ethesch nach vernënfteg ze vertrieden sinn, scho guer net am Kontext vun den Impfungen. Hei versteet souwuel d'Madamm von der Leyen wéi och de Laien den Ënnerscheed tëscht enger Campagne an enger Strategie. Nawell ass et mënschlech sech dës Lockerungen - dësen "back to the future" - erbäizewënschen. Den Immanuel Kant huet dat emol gutt op de Punkt bruecht: d'Vernonft kann sech Froe stellen, déi de mënschleche Verstand net beäntwerte kann. Wären dat zum Kant senger Zäit Froen zu Gott, der Séil an dem Kosmos, sinn et haut virun allem d'Froen zum Covid-19.

Dofir ass et ëmsou méi wichteg, déi nächst Fro ze stellen. An zwar no der Katastroph ass virun der Katastroph - oder wat léieren mer dorausser? Do verhält sech déi weltwäit Politik nom Wittgenstein sengem Motto: wouriwwer een net schwätze kann, muss een de Back halen[2]. Dat ass awer e geféierlech Wee  - d'Liewen no der Krise muss eigentlech vun Ufank un, a spéitstens elo, matgeduecht ginn, an net duerno einfach geschéien. Ech erënnere mech neierdéngs un Gespréicher mat der Krichsgeneratioun: de Krich wär laang eriwwer, awer aus der Krise wären se ni wierklech erauskomm: d'Ängschte wäre weider omnipresent.

Deemno musse mer d'Chance notzen, dat anescht unzegoen:  Dës Zäit ass fir déi Jonk, op Jugendlech oder scho jonk Erwuessen net zréckzekréien - wéi gi mer domadder ëm? Vum Puppelchen, deen den homo sapiens just mat Mask kennt, bis bei den Doud, deen bemol eleng kënnt. Déi psycho-sozial Fir- an Nobetreiung brauch och eng Task-Force oder, fir bei der Analogie vum grousse Krich ze bleiwen: wou ass den humanitäre Marshall-Plang fir no dëser sanitärer Kris?

An eréischt duerno - zum Schluss - kënne mer dann déi 1. Fro stellen: wär d'Katastroph virauszegesinn. Déi Äntwert ass zwar einfach - awer wéi mer all wëssen, schreiwen d'Gewënner Geschicht - do musse mer also nach Gedold hunn.

PS: nach e Wuert zur Präventioun: Well och, wa mer net wëssen, wéi eng Katastroph déi nächst ass; eppes ass gewosst: et wäert se ginn. D'Experten hunn och scho Favoritten: de Klimawandel an déi kënschtlech Intelligenz - firwat eis also net besser virbereeden a méi prophylaktesch virgoen?


[1] https://www.lamontagne.fr/paris-75000/actualites/lettre-de-l-ecrivaine-italienne-francesca-melandri-aux-francais-je-vous-ecris-depuis-votre-futur_13770028/

[2] „Wovon man nicht sprechen kann, darüber muss man schweigen.“, Ludwig Wittgenstein, Tractatus logico-philosophicus, Abschnitt 7.