Perséinlech Relatioune sinn den A an den O vun eiser vernetzter Gesellschaft. An Zäite vu "Bleif doheem" an "Hal Distanz" huet d’Wuert "Reseau" eng aner Ausriichtung kritt. Wéi definéiert sech eng perséinlech Relatioun an enger digitaler Welt a wat ass eng virtuell Relatioun wäert? Där Fro geet d'Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin Christiane Bram an hirer Carte blanche no.

Carte Blanche Christiane Bram

Virun engem Joer war d'Wuert "Reseau" nach fir d’alleréischt verbonne mat engem physeschen Afterwork, enger Studenteclique, engem Businesstreffen, Clubaktivitéiten, kuerz en Zesummekommen an Austausch vu Persounen. An da réischt huet ee bei Reseau un d’sozial Netzwierker geduecht, wou ee seng reell Kontakter a virtuell Relatiounen transforméiert an erweidert huet.
Haut denkt een nach just u sozial Netzwierker, dat heescht Relatiounen, déi sech digital opbauen a verdéiwen oder och net. Antëscht geet dobäi den Trend vu klassesche Posten op Storyen iwwer - dat heescht éphèmère Publikatiounen, ouni bleiwende Wäert an der Zäit. Storye ginn d’Gefill vun Aktualitéit, well se nëmmen e puer Stonnen disponibel sinn. D’Utilisateure vun de Reseaue kucken d’Informatiounen ëmmer méi séier, mee d’Storye captivéieren hir Opmierksamkeet.

Bei schnellliewegem digitalem Contenu, deen net vun offizielle Presseorganer, déi engem Code de déontolgie ënnerleien, publizéiert gëtt, besteet jo schonn d’Gefor, datt dësen net ëmmer realitéitstrei ass. Kënnt dann nach den éphémère Charakter derbäi, dann ass nach manner wichteg, datt alles richteg ass, well no e puer Stonne sinn d’Storyen net méi do. Also kann ee sech jo mol e klengt Entgleise vun der Realitéit erlaben. De Succès vu Plattforme wéi Snapchat, Tiktok a co,  ier d’Dinosaurier vun de soziale Reseaue wéi Facebook sech och op dëse Wee gemaach hunn, läit jo genee an dëse kuerzliewege wow-Effekt Publikatiounen.

Wann de World Wide Web a priori näischt verléiert, si mir bei de Storyen e Schratt méi wäit. D’Fassad gëtt ëmmer méi wichteg wéi dat, wat wierklech ass. Am Confinement oder Deelconfinement gesäit ee jo just via Ecran, wat d’Frënn, Kolleegen, Bekannten oder Onbekannten erliewen an duerchmaachen. Der Imaginatioun sinn also souwuel am positive wéi am negative keng Grenze gesat. Iwwer de Wee vun dëse vergängleche Verëffentlechungen, si mir dann och ganz séier bei verschéinerte Fakten an da bei Fake News.

Dem Homo sapiens seng Plus-value läit grad an der Intelligenz, just muss en dann och nach dovu Gebrauch maachen. An dat schéngt haut ëmmer méi schwiereg, bedéngt duerch eng Abberzuel vun externen Aflëss, mee och vläicht duerch e generelle Ras-le-bol. Sou baue Leit sech am Netz eng nei Welt op déi hinne besser gefält, a maachen och vläicht anonym Kommentaren, déi se net géife bei Bekannten oder an der Ëffentlechkeet maachen.

Haut um Weltwaasserdag dat Naturelement schlechthin, wär et flott, wa mir eis mol nees op eist natierlecht Ëmfeld besënne géifen a sou an eng reell Welt zréckkommen, ouni inzenéiert vergänglech Storyen, mee mat engem bleiwenden Austausch tëscht mënschleche Wiesen an hirer Echtheet.

Op alle Fall sinn déi Relatiounen, déi ech a mengem richtege Liewen opgebaut hunn, nohalteg Kontakter, déi do sinn, wann ech se brauch an net verschwannen, nodeems een se eemol geswiped huet.