Bei enger Kris gëtt vun der Politik eng konsequent Géigestrategie verlaangt. Eng Géigestratégie, déi schnell organiséiert, duerch staark Moossnamen der Kris entgéintsteiert an hir Dynamik brécht.

An och wann et sou kléngt, et geet elo mol eng Kéier net ëm Corona.

Carte Blanche vum Nora Back

Zënter Joren hu mir zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris, mee eng Antikrisepolitik gëtt et bis haut net. D’Resultat dovu kenne mer: d’Präisser vu Wunnengen, Haiser an Terrain si reegelrecht explodéiert.

Et ass, wéi wann et net ëm e wichtegt Grondrecht géif goen.

D’Wunnen ass net einfach ee Bedürfnis, wat een als Bierger kann hunn oder awer och net kann hunn. Et kann een net einfach op Wunnen verzichten.

Esou laang awer d’Politik onfäeg oder net wëlles huet, de Wunnengsmaart nei ze reegelen, wäert si d’Grondrecht op Wunnen net aléise kënnen.

D’Bauland ass eben keng normal Wuer, déi ee wéi bei anere Produiten, belibeg reproduzéiere kann. An op engem Maart, dee begrenzt ass an et, sou oder sou, och objektiv bleiwe wäert, gëtt et keng fräi Konkurrenz.

Dofir ass et eng politesch, wirtschaftlech a sozial Aberatioun, wann een de Terrain- a Wunnengsmaart dem Spill vun de sougenannte fréien Maartkräft ënnerwërft, esou wéi dat haut de Fall ass.

Well de Maart vum Bauland an Immobilien anormal héich, jo iwwerzunne Kaptialrendite versprécht, ass en enger Spekulatioun ausgesat, déi déi wansinneg Präisspiral uféiert. Si ass komplett deconnectéiert zu den Akommesméiglechkeete vun der Bevëlkerung bis déif an hir Mëttelschicht eran.

An d’Politik kuckt deem passiv no.

Schlëmmer nach. Duerch anachronistesch Steiergesetzer finanzéiert de Staat aus eise Steiergelder ee gudden Deel vun der iwwerzunnener Kapitalrendit am Wunnengswiesen.

An alles dat féiert zu deem, wat mir haut hunn.

E puer wéineger besëtzen e Groussdeel vun den Terrainen an Immobilien hei zu Lëtzebuerg, wärend déi allermeescht sech hiert Liewen laang verschëlden, fir en Dag iwwert dem Kapp ze hunn oder sech guer keng Wunneng méi leeschte kënnen, weder als Locataire nach als Proprietär, an aus dësem Grond souguer hir Heemecht verloossen an an d’Groussregioun zéie mussen.

Et geet net ëm de klenge Proprietär a seng eege Wunneng. Hei geet et och net ëm all déi Elteren, déi ganz normal un hir Kanner denken.

Hei geet et ëm déi aner.

Et decidéiert sech elo, ob d’Regierung d’sozial Fraktur méi kleng wëll maachen oder ob si se op Käschte vun der Solidaritéit an eiser Gesellschaft nach méi déif mécht, wéi si et schonn ass.

Déi aktuell Gesetzesprojete vun der Regierung, ob deen zum Pact logement 2.0 oder deen iwwert de Mietvertrag, musse grondleeënd iwwerschafft an ofgeännert ginn.

An hirer aktueller Form si se inakzeptabel. Inakzeptabel, well se entweder wäit ënnert dem Noutwennege leien oder esou d’Kris nach verschäerfe wäerten.

An déi ugekënnegt Reform vun der Grondsteier an déi ugekënnegt allgemeng Steierreform mussen elo zum Hiewel gi géint d’Spekulatioun am Wunnengswiesen. Déi Chance gëllt et elo fir d’Regierung, net ze verpassen.

D’Spekulatioun muss sou deier gemaach ginn, dass se oninteressant gëtt.

D’Ëmverdeelung vun ënnen no uewe muss gestoppt ginn.

D’Loyere mussen a Phase kommen zur Akommesentwécklung vun de Leit.

A beim Wunnengsbau an ëffentlecher Hand, dee joerzéngtelaang reegelrecht verschlof ginn ass, muss vill nogeholl ginn.

Déi horrend Präisexplosioun muss gestoppt ginn.

Well en Dag iwwert dem Kapp misste mer alleguer hunn, an dee muss bezuelbar sinn.