Et gi Fuerscher, fir déi d’Biodiversitéitskris, dat heescht dat weltwäit Aartestierwen, däitlech méi geféierlech fir de Mënsch ass, wéi de vill diskutéierte Klimawandel. Domadder ass awer laang net jiddwereen averstanen. Och zu Lëtzebuerg net. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

Carte Blanche vum Patrick Michaely

Genee esou wéi seng wuscheleg Hoer dozou bäigedroen hunn, datt den Einstein zur Ikon vun der Relativitéitstheorie ginn ass, ass e Baart net onerhieflech, wann et drëms geet, zu enger Ikon vun der Evolutiounstheorie ze ginn. D’"Baart-Träger" Darwin, Wallace, Haeckel – fir nëmmen déi ze nennen - sinn alles Korypheeën aus enger vergaangener Zäit, an där d’Iddi vun Evolutioun ugefaangen huet, zu engem feste Bestanddeel vun der Wëssenschaft ze ginn. Déi lescht Woch huet elo e fréiere Minister an Europadeputéierte probéiert, sech als éischte Lëtzebuerger an dës glorräich Ahnegalerie anzereien. Eent virausgeschéckt: Et ass him net wierklech gelongen.

An enger Kolumm am Tageblatt beschwéiert sech nämlech de Robert Goebbels polemesch iwwert e Gejéimers ëm d’Biodiversitéit. Aus dem Ëmweltministère wieren nëmme Jeremiaden ze héieren, well d’Aartevillfalt bedreet wier an d’Natur virum Kollaps géif stoen. Et géife senger Meenung no vill falsch Iddien iwwer de richtegen Zoustand an déi reell Schutzméiglechkeete fir Fauna a Flora zirkuléieren. Wann een op politiséirend Naturschützer géif lauschteren, géif et nëmmen ëm den "Erhalt" vum Bestoende goen, gewëssermoossen ëm d’Afréiere vun alle Biotopen.

Mee, sou d’Theorie vun onsem Evolutiounsexpert, d’Natur géif aneschters funktionéieren. Et géif e stännege Wettsträit, eng Evolutioun ginn, wou net de Stäerksten, mee den Upassungsfäegste géif gewannen. D’Natur kéint net definitiv fixéiert ginn. Wandel wier déi natierlech Norm.

Alles also nëmmen hallef esou schlëmm? Datt et e Wandel gëtt, stellt bestëmmt keen a Fro, ganz sécher net déi, déi sech stänneg mat Natur an Naturgeschicht beschäftegen.

Et stelle sech par contre nom Liese vum Här Goebbels senger Kolumn eng ganz Partie aner Froen. Wéi natierlech ass säi Wandel dann iwwerhaapt nach? Wéi géif eng Welt ausgesinn, an där nëmmen den Upassungsfäegste gewënnt an iwwerlieft? Also bestëmmt net ganz aarteräich divers.

Geet et duerfir duer, eng Rei vun Erfolleger vum Natur- an Aarteschutz opzezielen, fir en dramatescht Insektestierwe vergiessen ze loossen? Geet et duer, déi a 40 Joer neientdeckte Mamendéieren-Aarten an der Welt z'erwänen, fir glawhaft ze mengen, domadder wieren déi offiziell bekannten zënter dem 16. Joerhonnert ausgestuerwen Aarte kompenséiert? Wat solle mir da vun deenen honnerten oder dausende vun Aarte soen, vun deenen et nëmmen nach duerch Zuucht e puer Exemplaren an Zooe gëtt. Als "ausgestuerwe" gëllen déi net. Als e Paradebeispill fir Biodiversitéit allerdéngs och net. An iwwerhaapt: Wat vun deene Millioune vun Déieren a Planzenaarten halen, déi mir iwwerhaapt mol nach net kennen an duerfir och net mol schütze kënnen?

Am Kontext vum Aartestierwe schwätzt den däitschen Evolutiounsbiolog Matthias Glaubrecht duerfir souguer mëttlerweil vum Enn vun der Evolutioun. Et gesäit tatsächlech am Moment net no enger Geschicht mat Happy End aus.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum lëtzebuergesche Comité vum International Council of Museums.