D'EU gëtt schaarf ugegraff a kritiséiert wéinst hirer Roll bei de Bestellungen an der Verdeelung vun de Vaccinen, dëst net zu Onrecht. Allerdéngs d'Schold exklusiv zu Bréissel ze gesinn, ass ze kuerz gegraff.

Carte Blanche vum Tom Wirion

Wärend an den EU-Memberstaaten d'Vaccinatiounscampagne chaotesch leeft, gëtt a Länner wéi England, den USA oder Israel op Héichtoure geimpft. D'EU huet eendeiteg Feeler gemaach, wéi se versicht huet, de Präis ze drécken, wat souwuel d'Verhandlungen, d'Commandë wéi och d'Liwwerungen vum Vaccin onnéideg an d'Längt gezunn huet. An enger sanitärer, wirtschaftlecher a sozialer Kris wéi déi, an där mir sinn, ass dat onverzeilech.

D'Schold dofir eleng bei der europäescher Unioun ze gesinn, ass awer ze einfach. D'EU ass nämlech keen Zoufall vun der Geschicht, si ass d'Resultat vun engem bewosste Choix, dee vu 6 Grënnungsmemberen, dorënner Lëtzebuerg, 1957 no ganz schwéieren Zäiten gemaach ginn ass. Déi haut 27 Memberstaaten deelen – am Prinzip - déi nämmlecht Valeuren an Objektiver. D'Kompetenze vun der EU goufen hir iwwert d'Joerzéngten a verschiddenen Traitéë vun den Memberlänner zougesprach oder awer och refuséiert. Eng eegestänneg Kompetenz am Gesondheetsberäich zum Beispill ass net virgesinn.

Dëst erkläert déi onglécklech Situatioun, an där mir ons aktuell befannen. Statt der Unioun den néidege Verhandlungsspillraum mat de Pharmakonzerner ze loossen, hunn d'Memberlänner äifreg dragefunkt an déi leidlech Situatioun mat provozéiert.

Doduerch gouf d'EU ëm d'Geleeënheet bruecht, den europäesche Bierger ze beweisen, wéi nëtzlech a wäertvoll se ka sinn. An dësen Echec ass Waasser op d'Mille vun EU-Kritiker a Populisten.

Et gëtt awer keng Alternativ zu der EU! Si ass de politesche Corset, deen déi europäesch Länner sech ugedoen hunn, fir de permanente Kricher an Europa en Enn ze setzen. Dëse Grondsteen, firwat et zur EU iwwerhaapt komm ass, verschwënnt leider ëmmer méi aus der "mémoire collective". D'Visioun an d'Viraussiicht vun de Grënnungspäpp huet ons Fridden, Sécherheet, Stabilitéit, Solidaritéit a Wuelstand bruecht.

Leider ginn dës Idealer ëmmer méi am nationalen Egoismus an Opportunismus ënner. D'Unioun léist kaum nach Begeeschterung aus. Éischter de Géigendeel ass de Fall. D'EU gëtt zum Sënnebock fir d'Memberstaaten, déi vun hiren eegene Schwächten an Onzoulänglechkeete wëllen oflenken. Vill ze oft versichen d'Länner déi Saachen, déi si arrangéieren, eleng an national ze behandelen, wärend alles, wat penibel a schwiereg ass, op Bréissel gedréckt gëtt.

Déi aktuell Pandemie ass, souwäit d'Aschätzung et erlaabt, awer bestëmmt net déi lescht. Ouni déi aner grouss Erausfuerderungen, virun deene mir stinn, ze vergiessen. Séiert Handelen ass gefrot, fir méi europäesch a manner national Léisungen ze fannen. Allerdéngs muss Europa dofir dann och déi richteg Moyenen zur Verfügung gestallt kréien.

Europa steet haut also nees eng Keier "à la croisée des chemins". D'EU brauch dréngend nei Visionären an nei Grënnungsmammen a -pappen, e frësche Wand an en neie "Projet Fondateur", deen d'Jugend an déi zukünfteg Generatioun an de Mëttelpunkt stellt. D'Erausfuerderungen, d'Erwaardungen an d'Hoffnunge vun de Jonken si grouss a legitim.

De Ball läit do awer ganz kloer bei de Memberstaaten. D'EU ass hir Kreatioun. An dofir kann d'EU nëmmen dat ëmsetzen, wat d'Memberstaaten hir zougestinn. Leider beweisen dës allze oft, dass se ze vill mat sech selwer beschäftegt sinn, fir dem europäeschen Dram eng Chance ze ginn. An dobäi weist ons d'Geschicht "wer zu spät kommt, den bestraft das Leben". Sou eeben och mat der Impfung.