D‘Pandemie vum Covid huet ganz sécher dozou bäi gedroen, dass ons Gesellschafte sech an alle Beräicher staark digitaliséiert hunn.

Mee déi nei Méiglechkeete vun enger digitaler Welt wërft awer eng Rei Froen op. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen Soziolog am Centre Jean 23. 

Télétravail, Homeschooling, bequeem iwwert den Internet akafen, Digitalisatioun vun den administrativen Demarchen, Videokonferenzen oder just mat de Frënn sech iwwert eng Videoplattform ënnerhalen. A villen Beräicher vun onsem deegleche Liewen ass déi digital Welt net méi ewech ze denken. A säit dem éischten Lockdown ass d‘Digitalisatioun staark an d'Luet gaangen.

Niewent ville Virdeeler ginn et awer och en nei Problemer. Et kéint ee vir d’éischt mol laang doriwwer diskutéieren, wat dat bedeit fir d’Wirtschaft. Do stelle sech vill Froen zur Zukunft vun der Aarbecht , de Qualifikatiounen, dem Beschäftegungstatut bei neie Beruffer. Mir mussen och doriwwer nodenken, dass verschidden digital Firmae jo haut eng en quasi Monopolstellung hunn a schwéier ze kontrolléieren sinn.

Ech wollt awer haut eng anere Problematik an de Virdergrond stellen, déi ech ëmmer méi a mengem Alldag begéinen.

Mir sinn net alleguerte gläich virun der Digitalisatioun. En Deel vun onse Matmënsche sinn an der neier Welt verluer. Denke mer nëmmen un déi Episod vun der Impfcampagne vun eelere Leit , wou dann d’Hotline zesummebrécht ,well mer gemengt hunn, jiddereen kënnt sech e RDV online huelen. Mee och am soziale Secteur begéine mer ganz ville Leit, déi net d’Moyen hunn, fir mat der Digitaliséierung Schrëtt ze halen. Éischtens brauch mol déi néideg Finanzen, fir sech d’Equipement unzeschafen. An da brauch ee verschidde Kompetenze fir mat der digitaler Welt eens ze ginn. Déi éischt ass sécher d’Sprooch, also eng Sprooch, déi ech generell muss kënne liesen a verstoen.

Et brauch ee vill Wëssen, fir op engem administrativen Site d’Prozeduren ze verstoen. Hei ass et fir vill Leit méi einfach, mat engem Mënsch kënnen ze schwätzen, deen engem kann hëllefen, fir seng Demande richteg ze formuléieren.

Dobäi kënnt, dass sou Leit mat héije Käschte konfrontéiert ginn, fir verschidde Saachen gemaach ze kréien, wa si net iwwert den Onlineservice fueren. En Beispill si Bankkäschten. Op verschidden Déngschtleeschtungen kann een iwwerhaapt net méi zeréckgräifen, well een dofir eng Visaskaart brauch, déi och leider net jiddereen huet oder kritt.

Digitalisatioun, wie se och am Programm vun der aktueller Europäescher Kommissioun steet, riskéiert also, dass mer herno eng Zwee-Klassen-Gesellschaft kréien.

Mir musse warscheinlech op de Wee goen, hei Plazen ze schafen, wou ee speziell Hëllef am Beräich vun digitalen Servicer kritt. Ech denken do u sou eng Funktioun wei den „Ecrivain Public“, mee am Beräich vun den neien Technologien, wou ee kann gehollef kréien, fir sech mat engem Luxtrust anzeloggen oder seng Demande op engem Computer ze maachen, mat enger Méiglechkeet, och boer kënnen ze bezuelen. Op villen Plaze brauchen mer de mënschlechen Interface, deen och haut nach net kann einfach duerch eng Maschinn ersat ginn. Mir mussen op jidder Fall gutt oppassen, dass mer net nach méi Leit hei zu Lëtzebuerg mat der Digitalisatioun an d’Exklusioun dreiwen.